Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Christine And The Queens - Damn, Dis-Moi Feat. Dâm-Funk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sécherheetsmesurë fir d'Schoulrentrée 20/21

#RiichtEraus

D'Sécherheetsmesurë fir d'Schoulrentrée 20/21

An de Schoule sinn d'Preparativen op d'Rentrée esouwäit ofgeschloss. Déi nächst Woche wäerte weisen, ob de spezielle Covid-Dispositif vum Educatiounsministère de Praxistest besteet.

auto_stories

4 min

D'Enseignantsgewerkschaft SEW hat kritiséiert, datt déi Spillreegelen ze spéit public gemaach goufen. De Marc Bodson, Regionaldirekter am Fondamental, kann dat net novollzéien.

No der Pressekonferenz vum Educatiounsminister Claude Meisch de 4. September wieren am Laf vun där Woch all d'Froen, déi nach opstoungen, an enger Circulaire un d'Léierpersonal am Detail beäntwert ginn.

Fir de Marc Bodson goufen d'Froen alleguer per Circulaire beäntwert

Nei ass jo d'Consigne "lëften, lëften, lëften!" Den Epidemiolog Joël Mossong ënnersträicht, datt et sech dobäi ëm eng Recommandatioun vun Experten handelt. Et géife bis ewell keng Etüde ginn, déi den Notzen dovu wëssenschaftlech beleeën. "Mee et schuet sécher näischt."

De Geesseknäppchen geet méi wäit

An de Lycéeë gëllt eng Maskeflicht, souwuel baussen am Haff, wéi och bannenan, bis een an der Bänk sëtzt. "Bei eis wäert d'Maskeflicht awer och wärend de Course bestoe bleiwen, wann de Schüler op senger Plaz sëtzt", erkläert de Jean-Claude Hemmer, den Direkter vum Lycée Michel Rodange.

Am Lycée Michel Rodange wäert et eng allgemeng Maskeflicht ginn, seet de Jean-Claude HemmerDat wier esou mam Kolléisch a mam Lycée Aline Mayrisch ofgemaach ginn. Déi dräi Secondaires-Gebaier um Geesseknäppche ginn also e Schrëtt méi wäit wéi dat, wat virgeschriwwen ass.

Eenheetlech Consignen

D'Claudine Muller vum Syndikat vum Personal aus de Kompetenzzenteren (SPEBS) hätt sech gewënscht, et géif eng kloer Consigne ginn, déi fir jiddweree gëllt.

Si zitéiert de Fall vun engem héich vulnerabele Meedchen, deem seng Klassekomeroden elo decidéiere sollen, ob si averstane sinn, d'Mask unzedoen: "Et ka jo net sinn, datt aner Schüler decidéieren, ob dat Kand kann an d'Schoul kommen oder net", kritiséiert d'SPEBS-Sekretärin.

Fir d'Claudine Muller ginn déi vulnerabel Schülerinnen a Schüler net genuch mat agebonnen

Datt déi aner Schüler elo kéinte soen: "Mir mussen d'Mask undoe wéinst deem enge betraffene Kand", ass an hiren Aen "eng kloer Stigmatiséierung".

D'Reegele sinn an der Grondschoul anescht

An der Grondschoul muss d'Mask just ugedoe ginn, wann am Sall keng zwee Meter Ofstand kënnen agehale ginn. Allerdéngs misst et am Fondamental méi einfach méiglech sinn, d'Distanzregeelen ze respektéieren, well d'Klassen do e gutt Stéck méi kleng si wéi am Secondaire. Anescht wéi an de Lycéeë besteet fir d'Kanner vu manner wéi 13 Joer an de Pausen dobaussen awer keng Maskeflicht.

Vu lénks no riets: De Marc Bodson, de Jean-Claude Hemmer, de Joël Mossong an d'Claudine MullerDéi nei Erkenntnis, datt d'Kanner awer grad esou ustiechend wéi Erwuessener an och net manner ufälleg si fir ugestach ze ginn, hätt iwwerdeems nach zu kenger gréisserer Veronsécherung bei Elteren an Enseignantë gefeiert, soen déi zwee Schouldirekteren unisono. Am Moment wier et "nach ganz roueg".

Kanner mat Symptomer sollen doheem bleiwen

Suerge mécht alle Schoulacteuren dee Moment, wou Kanner Erkältungssymptomer kréien, ouni ze wëssen, ob et Covid ass oder eng Gripp. Dofir appelléiert de Marc Bodson, Direkter vun de Grondschoulen an der Regioun Déifferdeng, un d'Elteren: "Wann d'Kanner Krankheetssymptomer virweisen, da behaalt Är Kanner wannechgelift doheem!"

Den Epidemolog Joël Mossong geet dovunner aus, datt am Wanter manner Grippefäll wäert ginn

Den Epidemiolog Joël Mossong, deen am Moment vum Staatslabo (LNS) an d'Inspection sanitaire detachéiert ass, weist awer drop hin, datt d'Saison vun der Gripp eventuell manner uerg gëtt wéi d'Jore virdrun:

"Et kann een dovun ausgoen, datt mat alleguer deene Gestes barrières eng ganz Partie respiratoresch Viren manner zirkuléiere wéi déi Jore virdrun."