Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  James Vincent McMorrow - Give Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Roll vu Lëtzebuerger Entreprisen am Vietnam

Leschten Dag vun der Auslandsvisitt

D'Roll vu Lëtzebuerger Entreprisen am Vietnam

Am Vietnam gëtt et groussen Interêt un de Lëtzebuerger Betriber. Um leschten Dag vun der Visitt vum Premier am südostasiatesche Land huet d'Chambre de Commerce sech zefridden iwwer den Austausch gewisen. D'Rees ass mam Ekonomesche Forum op en Enn gaangen.

auto_stories

4 min

De Kontrast tëschent Traditioun a Modernitéit ass eppes, wat een am Vietnam dacks gesäit. (Foto: Maxi Pesch)

D'Lëtzebuerger Entreprisen hätten esou vill Rendez-Vous-Ufroe vu vietnameesescher Säit kritt, datt ee se guer net all ënnert een Hutt kritt hätt, esou de President vun der Chambre de Commerce, Fernand Ernster, zu Ho Chi Minh. Et wier exzeptionell, esou de Fernand Ernster.

Digital an ekologesch Transitiounen

Iwwer 20 Entreprise si mat an de Vietnam gereest. D'Secteuren, déi vertruede waren, waren d'Logistik, d'Datensécherheet, oder nach d'mobil Technologie. Dat alles am Kader vun der Nohaltegkeet, erkläert d'Cindy Tereba vun der Chambre de Commerce.

"Souwuel déi digital Transitioun wéi och déi ekologesch Transitioun sinn déi wichteg Theemen am Moment am Vietnam. An do si mir ganz komplementar."

Eng vun den Entreprisen, déi hir Bezéiunge mam Vietnam wëll weider ausbauen ass B-medical Systems, déi ënnert anerem Frigoen entwéckelen, fir Vaccinen ze lageren. Zënter 1994 schafft d'Firma mam Vietnam, an huet zënterhier 31.000 Frigoe geliwwert. Dozou de Gilles Ries.

"An dovunner zwee Drëttel iwwer Lëtzebuerger Kooperatioun. An deen aneren Drëttel war och Funding. An elo gesi mir, datt de Vietnam net méi souvill iwwer Fongen ënnerstëtzt gëtt."

Elo wéilt een de private Business-Secteur developpéieren, mat lokale Klinicken oder Bluttzentren, esou de Gilles Ries.

Vum Wuesstem profitéieren

Duerch de staarke Wirtschaftswuesstem an de leschte Joren kritt de Vietnam manner ëffentlech finanziell Ënnerstëtzung. D'lescht Joer louch de Wuesstem bei aacht Prozent.

Vun dësem Wuesstem wëll och Tsume profitéieren. D'Entreprise déi Figurinne fir Sammler mécht, geet souguer e Schratt méi wäit a wëll en Deel vun hirer Produktioun am südostasiatesche Land etabléieren. Dat, fir sech manner ofhängeg vu China ze maachen. Dozou de Luc De Ribeiro vun Tsume.

"Duerch déi Problematik mam Confinement an der Logistik, déi a China schwiereg war, hu mir identifizéiert, datt et e Problem ass fir nëmme mat China ze schaffen. Mir mussen eng Diversifikatioun maachen an een Deel vun der Produktioun an een anert Land verleeën."

Den nohaltege Wunnengsmaart a klimafrëndlech Energieversuergung ginn an Zukunft grouss Erausfuerderungen am Vietnam. Hei sollen dann déi Lëtzebuerger Gréng Finanzen hëllefen, esou den Nicolas Mackel vu Luxembourg for Finance.

De Ruff vu Lëtzebuerg a manner Risiko

Ee konkrete Projet ass dee vun 10.000 nohaltege Wunnengen, deen iwwer e Lëtzebuerger Fong finanzéiert gëtt, an dee seng Sue bei internationalen Investisseure sammelt. Een anere Projet, deen zesumme mat der Weltbank an dem Privatsecteur lancéiert gouf, gesäit d'Dekarboniséierung vum Vietnam vir.

Sou e grousse Projet kéint just iwwer ee Land wéi Lëtzebuerg lafen, dat en Triple A hätt, an domadder e manner grousse Risiko fir d'Investisseuren duerstellt, esou den Nicolas Mackel. De Ruff vu Lëtzebuerg kéint vun esou Projete profitéieren:

"Et weist der Welt, datt déi Lëtzebuerger Finanzplaz eng gewëss Sophistikatioun huet, déi bei esou globalen Investissementer eng Roll an der éischter Rei ka spillen. Dobäi schaaft et Aarbechtsplazen a bréngt Steieren an."

Géigesäiteg Hëllef

De kommunistesche Regime am Vietnam wier och net inkompatibel mat demokratesche Länner, esou nach de Chef vu Luxembourg for Finance. Dat soulaang d'Ekonomie oppe wier. Et géif eng grouss Dynamik ginn an e staarke Wuesstem, an domadder vill Méiglechkeeten de Secteur ze professionaliséieren, esou nach d'Cindy Tereba vun der Chambre de commerce.

Zwou Deklaratioune goufen dann och ënnerschriwwe fir d'Zesummenaarbecht tëschent béide Länner ze stäerken.

"Wa Lëtzebuerger Betriber heihi kommen, datt dann hir Chambre de Commerce d'Ulafstell ass fir eis Betriber am Fall wou ee Partner muss gesicht ginn oder et Problemer ginn."

Dat selwecht géif fir vietnamesesch Entreprisë gëllen, déi op Lëtzebuerg kommen. Et géif ee sech géigesäiteg hëllefen, esou d'Chambre de Commerce.

De Vietnam ass en attraktiivt Zil, souwuel fir Entreprisen, déi sech mat hirer Produktioun méi onofhängeg vu China wëlle maachen, a fir Investisseuren, déi Opportunitéite fir gréng Investissementer hei gesinn. Onkloer ass allerdéngs, ob de Vietnam dëse Wirtschaftswuesstem ka bäibehalen, esou Experten.