D'Ried zur Lag vun der Natioun soll eventuell op den Hierscht verréckelt ginn. De Grond fir d'Verréckele wier, datt de globalen Impakt vun der Corona-Kris nach ongewëss wier, an deemno nach keng Conclusioune méiglech wieren, heescht et an engem Bréif vum Staatsministère un d'Chamber.
Dowéinst proposéiert de Premier d'Ried ze reportéieren. D'Conférence des présidents vun der Chamber soll sech muer de Moie mam Theema beschäftegen.