"Däitschland. Alles ass dran" - dat ass de Numm vum Walprogramm, mat deem déi däitsch Gréng an de Walkampf virun der Bundestagswahl 2021 ginn. An domat ass u sech och alles gesot, all Usproch ënnerstrach.
D'Bündnis90/Die Grünen gräift no der Muecht, nom Kanzleramt. A fir d'éischte Kéier zanter dem Bestoe vun der Partei huet se net nëmmen d'Chance, matzeregéieren - nee, déi däitsch Gréng kéinten am Hierscht d'Regierungscheffin stellen.
Déi gréng gräifen no der Muecht
Lo kéint een natierlech soen: ouni den Usproch, datt wierklech alles méiglech ass, bräicht een esou eng Wal an esou e Walkampf jo guer net unzegoen. Mee "Alles ist drin" ass eben eppes anescht wéi d'Walsloganen aus der Grénger Vergaangenheet. 2017, zum Beispill, do huet et geheescht: "Zukunft wird aus Mut gemacht." Oder 2013, do war et: "Zeit für den Grünen Wandel" - Ënnertitel: "Teilhaben, Einmischen."
Mee matmaachen an amëschen, dat geet den däitsche Gréngen ganz offensichtlech net méi duer. Dat huet sech um Bundesparteidag dëse Weekend awer net just am Numm vum Walprogramm gewisen, mee eben och am Inhalt.
Natierlech gëtt et do dat Erwaartbaart, dat gréngt Kärgeschäft: erhéichten CO2-Präis, méi Steiere fir Villverdénger, vun 2030 u just nach Neizouloossung vun emissiounsfräien Autoen. Mee et hu sech och Positiounen an de Walprogramm erageschlach, déi dovun zeien, datt hei Politik gemaach gëtt mam der Méiglechkeet am Hannerkapp, geschwënn vläicht ze regéieren.
Kampfdrone ginn net méi kategoresch ofgeleent
Den offensichtlechsten Hiweis dorops ass déi nei gréng Positioun zum Akaf vu bewaffente Kampfdronen, déi däitsch Zaldoten am Asaz solle vun uewe beschützen. Bis elo hat d'Bündnis90/Die Grünen bei deem Theema eng ganz däitlech Positioun - an zwar déi, datt näischt an déi Richtung geet.
Am Walprogramm vun 2017 huet et nach geheescht, et wier ee géint d'Uschafung oder déi eegen Entwécklung vun esou Dronen a géif sech fir eng international Konventioun fir de Verbuet vun autonome Waffen asetzen.
Zwar heescht et am neie Walprogramm och, et misst als éischt gekläert ginn, a wéi enge Situatiounen esou Dronen vun der däitscher Arméi kéinten agesat ginn - ma d'Partei leent d'Uschafung an den Asaz vun Drone fir d'éischte Kéier net méi kategoresch of.
Kategorescht Ofleenen ass net méi sou evident
Eng Decisioun natierlech, déi an der méiglecher Regierungsrealitéit begrënnt ass, déi op déi Gréng kéint duerkommen. An der Oppositioun konnte si et sech an de leschte Legislaturperiod leeschten, kategoresch géint verschidde Saachen ze sinn. Mee, an dofir muss d'Bündnis90/Die Grünen jo just hir gréng Parteikolleegen an aneren europäesche Länner ukucken: wann een bis mat der Dagesrealitéit vum Regéiere konfrontéiert ass, dann ass dat mam kategoreschen Ofleenen net méi sou evident.
D'Dronendecisioun um grénge Parteidag ass mat extrem knapper Majoritéit gestëmmt ginn. Et ass just ee klengt Theema a wäert wuel fir déi meeschte Supporter vun de Gréngen näischt änneren. Mee et kéint dann awer en Hiweis sinn dorop, wat eng eventuell Regierungsbedeelegung sou alles mat sech brénge kéint.