Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Regierung soll eis net muttwëlleg futti maachen"

Tankstelle-Bedreiwer

"D'Regierung soll eis net muttwëlleg futti maachen"

Fir d'Lëtzebuerger Tankstellen ass et schwéier genee ofzeweien, wéi d'Hausse vun den Accise sech op hiert Geschäft auswierkt, seet de Romain Hoffmann. Hien ass de President vum Groupement Pétrolier, deen d'Lëtzebuerger Tankstelle representéiert.

auto_stories

2 min

De Romain Hoffmann betount, de Secteur géif sech op e Réckgang vun de Recetten astellen, wann d'Accise klammen. Wéi héich de Réckgang wäert sinn, géif awer och vun der Entwécklung vun de Spritpräisser an den Nopeschlänner ofhänken a wéi eng Schrëtt déi géifen ënnerhuelen.

Et misst een elo kucken, wéi wäit déi Lëtzebuerger Regierung goe wéilt, "mee et wier natierlech de Gau, wa mer och elo hei zu Lëtzebuerg géife méi deier gi fir de Privatclient, wéi an eisen Nopeschlänner", seet de Romain Hoffmann. "Ech mengen, da géifen d'Lëtzebuerger dohinner tanke goen."

Tankstelle rechne mat Aboussen

D'Lëtzebuerger Tankstelle-Bedreiwer soe si wieren "iwwerrascht" doriwwer, wéi séier d'Regierung d'Accisen um Bensin an um Diesel wëllt eropsetzen. Wann een d'Erhéijung vun den Accisen an d'CO2-Steier zesummerechent, da géif de Präis vun engem Liter Diesel bannent engem Joer ëm zéng Cent klammen, esou de President vum Groupement pétrolier Romain Hoffmann.

Tankstelle géifen doduerch mat Abousse rechnen. Mat de leschten Augmentatioune wier engem bewosst ginn, datt der Regierung hir Politik, déi si joerzéngtelaang gemaach huet, fir d'Accisen aus dem Camionsverkéier ze notzen, elo der Vergaangenheet géif ugehéieren.

"An deem Beräich wäerte mer also sécherlech vill Aboussen hunn. Dowéinst wäerten an eisem Secteur mussen d'Investitiounen zeréckgefuer ginn, an et wäert Personal missen ofgebaut ginn, fir der méi niddereger Nofro gerecht ze ginn."

"Dat schued der Ekonomie"

D'Regierung dierft de Secteur vun den Tankstellen net muttwëlleg futti maachen, seet de Romain Hoffmann. "Och wa mer elo null Sprit hei verkafen, hu mer fir d'Klima null gemaach. Well et wäert doduerch nach d'selwecht gefuer ginn."

D'Regierung géif dovunner ausgoen, datt mat der Reduktioun vum Verkaf vu Sprit u gréisstendeels auslännesch Transporteuren d'Steierrecetten trotzdeem d'selwecht bleiwen, seet de Romain Hoffmann.

"Dat heescht: D'Lëtzebuerger Ekonomie muss e puer honnert Milliounen Euro méi Käschten hunn an deem Beräich. An dat schued der Ekonomie och. Bon, mir kënnen och ganz mat der Ekonomie ophalen, dann hu mer keng Emissioune méi. Mee dat ass jo och net zilféierend. De Klimaproblem sollt ee scho mindestens europawäit, wann net esouguer weltwäit ugoen. Och am Klimaaccord vu Paräis ass et éischter eng weltwäit Approche, an dat ënnerstëtze mir och. Dofir sollt een net een Element bestrofen, dat just en Deel vun der Léisung ass."