Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Efterklang - Getting Reminders (feat. Beirut)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Regierung mécht sech Gewerkschaftsthesen zu eegen"

Wirtschaft a Soziales

"D'Regierung mécht sech Gewerkschaftsthesen zu eegen"

De fréieren Direkter vun der ABBL a Generaldirekter sortant vun der UEL kritiséiert, datt d'Regierung d'Säit vun de Gewerkschafte géif anhuelen. Dat kéint een am Aarbechtsrecht feststellen, genee wéi an der Finanzpolitik, der Gouvernance vun der Sécurité Sociale, de Pensiounen an deemnächst och am Konsumenteschutz, sou de Jean-Jacques Rommes.

auto_stories

2 min

headphones

17 min

play_arrow
Jean-Jacques Rommes

Am Lëtzebuerger Sozialdialog gëtt et ee fundamentalen Desaccord iwwer d'ëffentlech Finanzen, seet den designéierten neie President vum Wirtschafts- a Sozialrot, Jean-Jacques Rommes. Wéinst deem Desaccord géif de Rot den Avis iwwer déi ekonomesch, sozial a finanziell Situatioun vum Land net méi richteg hikréien an et géif dowéinst och net vill Sënn maachen, fir Tripartitten ze organiséieren.

"Mir hunn däitlech eng Regierung, déi sech Gewerkschaftsthesen zu eege mécht, an déi zu de Betriber eigentlech méi an engem Kader vu Sonndesriede steet, wéi datt se reell um Terrain, wann et ëm d'Wurscht geet, géif zu eis halen."

CES wëll weiderhi konstruktiv matschaffen

Dat dierft de Wirtschafts a Sozialrot awer net dovun ofhalen, sech zu Themen anzebréngen.

De Jean-Jacques Rommes verweist ënnert anerem op den Avis iwwer de Mindestloun. D'Regierung hätt een Avis vun der Salariats- an ee vun der Patronatssäit kritt. Hie stellt fest, datt d'Regierung an dësem Fall eng Decisioun geholl hätt, déi probéiert huet déi zwou Säiten ze verstoen.

Och wann hien den éischte Mäerz definitiv President vum CES wäert sinn, géif sech seng Denkweis op dësem Punkt net änneren. "Ech mengen ech ka meng Bluttgrupp jo net onbedéngt verleegnen", seet de Jean-Jacques Rommes. Hie wäert awer probéieren "konstruktiv iwwer déi Themen ze schwätzen, iwwer déi mir kënnen eppes Konstruktives hikréien".

PIB a Fro stellen

Den nächsten Avis vum Wirtschafts a Sozialrot wäert iwwerdeems d'Fiabilitéit vu Statistiken - a virun allem vum PIB - op de Leescht huelen, seet de Jean-Jacques Rommes. Op Basis vun engem PIB deen an der Reegel dräi - heiansdo souguer véier Joer réckwierkend rektifizéiert ginn - wier et onméiglech fiabel Ausblécker an d'Zukunft ze maachen, seet de Jean-Jacques Rommes.

"Dir wësst de PIB net deen dräi Joer hannerun iech läit an dir maacht Previsiounen (...) no dem PIB deen dir mengt deen an zwee Joer wier, da sidd dir sechs Joer falsch. An dat ass jo awer spektakulär."

Extrem vill Aschätzungen an Entscheedunge géife vum PIB ofhänken, sou den designéiert President vum Wirtschafts- a Sozialrot. "Mir menge vläicht mir wäre räich a mir sinn et vläicht guer net. Mir mengen och vläicht mir wären aarm a mir sinn et a Wierklechkeet guer net. Dat ass jo eigentlech intolerabel, mee ass awer esou", sou nach de Jean-Jacques Rommes.