Et géif dorëm goen, déi "professionell a fräi" Medien ze stäerken, huet de Xavier Bettel haut a senger Ried am nationale Musée fir Geschicht a Konscht gesot. D'Regierung hätt nogelauschtert an de Message verstanen, datt et een Interêt géif gi fir iwwer d'Gouvernance vum radio 100,7 ze diskutéiere an ze verbesseren.
"Mir hunn do absolut keng Virbehalter an d'Regierung ass op, och fir verschidden Optiounen." Och iwwer de Service public am Televisiounsberäich wéilt een "an aller Breet" diskutéieren an déi "verschidden Aspekter" beliichten, esou de Premier- a Medieminister.
Courage a Wäitsiicht
Beim Thema Service public an de Medie wiere Courage a Wäitsiicht néideg, esou d'Presidentin vum Presserot Ines Kurschat an hirer Ried:
"Als Konsequenz vun deenen Turbulenze beim radio 100,7 hu Bierger a Biergerinnen eng Petitioun lancéiert, fir seng Onofhängegkeet ofzesécheren. Ofgesinn dovun, ob si Recht hunn oder net: déi lescht Wochen a Méint hu mengen ech kloer gewisen, datt Struktur an Opbau vum Radio Froen opgeheien an zu Polariséierung féieren, déi kengem déngen."
De geplangten ëffentlechen Debat wier eng gutt Geleeënheet, fir de Sträit ze versachlechen, esou d'Presidentin vum Presserot.
D'Ines Kurschat huet haut och d'Fro opgeworf, wat een ëffentlech-rechtlechen Informatiounsoptrag an engem méi-sproochegen a multikulturelle Lëtzebuerg konkret géif bedeiten.
D'Ines Kurschat ass nach bis de Mäerz dëst Joer Presidentin vum Conseil de Presse.
Eng "fundamental Reform" vun der Pressehëllef
Déi geplangte Reform vun der Pressehëllef soll dëst Fréijoer op de Wee bruecht ginn, huet de Xavier Bettel ugekënnegt.
Geplangt wier eng "fundamental Reform", mat där de Journalist a seng Aarbecht an den Zentrum vun der staatlecher Ënnerstëtzung fir déi geschriwwe Press solle gesat ginn. Ziler wiere méi Gerechtegkeet an eng qualitativ héichwäerteg Press.