D'Gewerkschafte ginn also zesummen an déi Reunioun, an dat wier och gutt esou seet d'OGBL-Presidentin Nora Back. Och wa si den Accord am Fréijoer als eenzeg net matgedroen huet, hätt si elo keng separat Entrevue gewollt.
Et schéngt also wéi wann den Dissens aus dem Fréijoer d'Solidaritéit ënnert de Gewerkschaften net nohalteg a Fro gestallt hätt, confirméiert och den LCGB-President Patrick Dury.
Fir den OGBL ass d'Tripartite e Prozess
Och wann d'Invitatioun fir dës Reunioun kuerzfristeg koum: "Et ass ëmmer gutt en Austausch ze hunn", seet d'Nora Back, souguer wann den OGBL intern a senger Preparatioun nach net grad esou wäit ass wéi en elo wéilt a spéitstens fir d'Tripartite och wäert sinn. Woubäi nach kee weess, wéini déi ass.
Elo wäert ee sech emol e gemeinsamen Agenda setzen an da wier intressant wéini déi éischt Reunion kéint stattfannen. Der Nora Back wier et wichteg, datt fir d'Tripartite méi Reuniounen ugesat géife ginn. "Eng Tripartite ass e Prozess an dat sinn eben e puer Reuniounen, eben esou vill wéi et der musse sinn", sou d'OGBL-Presidentin.
D'CGFP wëllt virun en Donneschdeg nach näischt soen
Inhaltlech ass am Moment vun de Gewerkschaften nach net vill gewuer ze ginn. D'CGFP seet virun en Donneschdeg iwwerhaapt näischt. Den OGBL erwaart (awer ouni grouss Hoffnung), datt d'Regierung sech an d'Kaarte kucke léisst. Als Gewerkschaft wéilt een an esou Reuniounen eigentlech gär d'Tripartite preparéieren, an der Vergaangenheet wier et awer éischter esou gewiescht, datt d'Regierung d'Gewerkschaftssäit wéilt héieren. "An dat wäert och dës Kéier esou sinn", sou d'Nora Back.
Den LCGB-President Patrick Dury widderhëlt iwwerdeems seng Prioritéiten:
"Kafkraaft-Ofsécherung, Existenz- (also Aarbechtsplaz-)Ofsécherung: dat muss als Resultat aus dëser Tripartite erauskommen."