Radioen

On air

Notturno  |  Tom Skinner - The Journey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland: d'Recht op Homeoffice?

Aarbechtsliewen

Däitschland: d'Recht op Homeoffice?

An Däitschland bestinn nach ëmmer vill Employeuren drop, datt hiert Personal am Büro schafft. Wärend d'Schoulen an Universitéite vun doheem aus funktionéiere mussen, gëllt fir vill Entreprisë keng Flicht dofir - d'Regierung réit hinne just zum Homeoffice. Datt d'Privatliewen op ville Plaze stëll steet, d'Aarbecht awer weidergeet, suergt fir vill Opreegung.

auto_stories

3 min

Mat den neie Mesure, déi an Däitschland ugangs der Woch a Kraaft getruede sinn, gouf och eng Diskussioun rëm nei lancéiert: déi ëm den Homeoffice.

"Däitsch Presenzkultur"

De Grond? Eng Etüd vun der Hans-Böckler-Stëftung, déi de Gewerkschaften no steet. Doraus geet ervir, datt am November an Däitschland just 14 Prozent vun de Salariéë gréisstendeels am Homeoffice geschafft hunn.

Dat, obwuel iwwer de ganzen November jo schonn de sougenannte 'Lockdown light' gegollt huet. An obwuel eng ganz Rei méi Leit tatsächlech hätte kennen aus dem Homeoffice schaffen.

Elo ass d'Diskussioun iwwer "déi helleg däitsch Presenzkultur", wéi Der Spiegel et genannt huet, nees voll amgaangen.

Wéi kann et sinn, datt grouss Deeler vum ëffentlechen a private Liewen esou staark ageschränkt sinn, wärend am Aarbechtsliewe villes weiderleeft, wéi wann näischt wier? Wéi kann et sinn, datt den Eenzelhandel, d'Gastronomie an de Kulturbetrib mussen zou hunn, wärend a Groussraumbüroen Dose Leit op engem Stack setzen?

Fakt ass, datt déi däitsch Politik sech bis elo nach ëmmer net zu enger Homeoffice-Pflicht duerchgeronge krut. Och am méi strenge Shutdown zanter November war d'Devise vun der Berliner Regierung un d'Entreprise just: Mir roden iech dozou, an den Homeoffice ze goen. Eng Empfeelung, méi net.

Manner Leit am Homeoffice wéi am Fréijoer 2020

Déi parlamentaresch Oppositioun mécht elo Drock. Di däitsch Gréng fuerderen, datt een den Entreprisen, bei deenen Homeoffice méiglech wier, en awer net duerchgesat gëtt, noutfalls mat Geldstrofe misst Feier ënnert dem Hënner maachen.

D'Katja Kipping, Parteicheffin vun Die Linke, sot, d'Wëssenschaft dierft net op deene Plazen ignoréiert ginn, wou se op betriblech Interessi stéisst.

Kloer ass, datt net all Entreprise komplett kann an de Betrib vun doheem wiesselen. Mee an Däitschland waren et prozentual eben am Fréijoer trotzdeem däitlech méi Leit, bei deenen et méiglech war. Datt et elo, trotz däitlech méi héijen Infektiounszuelen, nees esou vill manner Leit sinn, ass net ze verstoen.

Verankerung am Gesetz onwarscheinlech

Juristesch gesinn ass et awer ebe schwiereg, mat der aktueller däitscher Gesetzeslag e Recht op Homeoffice duerchzesetzen. Problematesch ass ënner anerem, datt den Employeur misst eng vollstänneg Bürosplaz zur Verfügung stellen.

Donieft gëtt et Bedenke wéinst dem Dateschutz, wann am Normalbetrib zum Beispill iwwer gréisser intern Netzer geschafft gëtt.

Datt et och am Pandemiefall net méiglech ass, des Hürden ze ëmgoen, ass de Kär vum aktuelle Problem.

Eng Homeoffice-Pflicht kann also just kommen, wann et e richtegt Gesetz dozou géif ginn. Wann een sech awer ukuckt, wéi e Gewiicht di däitsch Regierung aktuell der Wirtschaft an den Entreprisen an hiren Decisioune gëtt, ass dat éischter onwarscheinlech.