Radioen

On air

Tockcity  |  Caribou - Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Quintessenz vun der Basisiddi vun der Europäescher Unioun"

Flüchtlingen

"D'Quintessenz vun der Basisiddi vun der Europäescher Unioun"

Den Europäesche Geriichtshaff huet de Recours vun Ungarn an der Slowakei géint den Ëmverdeelungsmechanismus vun der EU ofgelehnt. Ee wichtegt Uerteel, seet de Jean Asselborn. Den Ausseminister kritiséiert Ungarn schaarf.

auto_stories

3 min

Ungarn an d'Slowakei musse géint hire Wëllen Flüchtlinge ophuelen. Den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg huet de Recours vu béide Länner géint den Ëmverdeelungsmechanismus vun der EU ofgelehnt.

Am September 2015 hat den EU-Rot decidéiert, datt bis zu 120.000 Refugiéeën aus Italien a Griicheland an déi aner EU-Memberstaate géife relokaliséiert ginn. Ungarn an d'Slowakei haten dogéint geklot. D'Cour européenne de justice huet an hirem Arrêt festgeluecht datt déi Décisioun vum EU-Rot, déi mat qualifizéierter Majoritéit geholl gouf, konform zu den Traitéen ass.

Dee Relokaliséierungsmekanismus wier den Ëmstänn ugepasst an hätt d'Zil gehat Griicheland an Italien z'entlaaschten. Och wann d'Decisioun ouni Consultatioun vum Europaparlament getraff gouf, wieren d'Prozeduren agehale ginn, sou d'Geriicht.

E politescht Uerteel?

D'Slowakei wëllt den Arrêt akzeptéieren, och wann et an den Aen vum Regieurngschef Robert Fico ongerecht wier. Ungarn wëllt sech weiderhin dogéint wieren. Et wier eng politesch Decisioun, sot den ungareschen Ausseminister Péter Szijjártó.

An der Europäescher Unioun kéint een de Conseil, d'Komissioun an och d'Parlament kritiséieren, seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.

"Wann een awer fundamental déi juristesch héchsten Institutioun, d'Cour d'appel de justice, a Fro stellt, a wann ee seet 'dat do ass e politescht Uerteel', dat geet extrem, extrem wäit. Sou ass et a verschidde Länner ugaangen, déi haut keng Demokratie méi sinn."

D'EU-Kommissioun kann elo ee Vertragsverletzungsverfahren an d'Weeër leeden, a Sanktioune proposéiere géint déi Länner, déi sech net un där Relokaliséierung bedeelegt hunn. Éischt Schrëtt huet d'Kommissioun schonn ugekënnegt. Et géif een eng Klo géint Polen, Ungarn an Tschechienareechen, wa si an den nächste Wochen net hir Haltung änneren, sou den EU-Kommissär fir Migratioun Dimitris Avramopoulos.

"Solidaritéit a Verantwortung"

D'EU-Kommissioun huet och ugedeit, datt net vill Persounen an Italien oder Griicheland eligibel wieren.

"Fir den Ament sinn a Griicheland 2.800 Persounen, déi op eng Relokaliséierung waarden. A weider 2.000 Persoune ginn nach eligibel. Dëst Joer si 7.200 eligibel Persounen an Italien ukomm. Dovunner goufen der awer just 4.000 registréiert."

Et ass net kloer wat dat an der Praxis bedeit, wann d'Slovakei an Ungarn d'Decisioune vum Conseil missten ëmsetzen, de Gilles Despeux, Spriecher vum Europäesche Geriichtshaff. Déi Relokalisatioun vun de Flüchtlingen hätt an dësem Fall an zwee Joer sollte geschéien. Vu September 2015 bis September 2017.

"An der Realitéit gëtt et also keng praktesch Applikatioun méi well den Delai quasi ofgelaf ass. Et muss ee gesinn, datt vill Memberlänner net matgespillt hunn, datt et e Mangel u Cooperatioun gouf. Dat ass een Argument, wat Ungarn an d'Slowakei och opbruecht hunn. Si soten de Conseil hätt d'Relokalisatioun vun 120.000 Flüchtlingen an aner Memberlänner ordonnéiert, awer dee Chiffer géif nimools bis Enn September erreecht ginn."

Prinzipiell wier d'Uerteel awer extrem wichteg, seet de Jean Asselborn. "Hei geet et ëm d'Quitessenz vun der Basisiddi vun der Europäescher Unioun: Solidaritéit a Verantwortung."


Lauschtert zwee Bäiträg vum Carole Schimmer vum 6. September zum Sujet:

Wat bedeit den Arrêt?play_arrow

Reaktiounen op den Arrêtplay_arrow