Um Video gesäit een ee jonkt Meedchen, wat een anert schléit an erniddregt. Ronderëm aner Jonker, déi d'Aktioune feieren. D'Zeen huet sech op der Paräisser Plaz an der Stad ofgespillt. D'Schüler sollen aus dem Mamer Lycée, verschiddener och aus dem Aline Mayrisch sinn. D'Direktioun vum Mamer Lycée huet an engem Post matgedeelt, datt si mat internen an externen Demarchen amgaange wieren. D'Police wier och ageschalt. D'Verhale géif definitiv net toleréiert ginn an all noutwenneg Schrëtt géifen ënnerholl ginn, esou d'Direktioun vum Lycée Josy Barthel zu Mamer.
Keen neit Phenomeen
Am Lycée Aline Mayrisch, wou d'Affer an d'Schoul geet, weist déi Responsabel fir medie-pedagogesch Projeten a Kommunikatioun, Judith Reicherzer, sech schockéiert iwwer dee Video. Si huet am 100,7 Interview erkläert, et géif sech heibäi ëm d'Phenomeen vu sougenannten "Challenges" handelen.
Dës "Challenges" wieren net nei. Jonker wéisste scho laang Bescheed, mee hir Elteren a vill Erwuessener net, erkläert d'Judith Reicherzer. "Challenges", erkläert si, ass de Phenomen, wou Jonker Situatiounen, dacks mat physescher oder politescher Gewalt um Internet gesinn, an dat da nomaachen a filmen. Duerno verbreeden se d'Videoen op soziale Reseauen wéi TikTok, fir esou vill wéi méiglech Likes derfir ze kréien.
D'Schüler sensibiliséieren
Am Lycée Aline Mayrisch wier ee sech scho méi laang iwwer d'Problematik vun den "Challenges" bei Jonke bewosst gewiescht, seet d'Judith Reicherzer. De Lycée hätt eng Strategie ausgeschafft gehat, fir besonnesch d'Schüler:innen op den ënneschte Klassen ze sensibiliséieren.
Wéinst dem Video an dem Schock, den doduerch ausgeléist gouf, wier dat elo virgezu ginn. Um Freideg Moie wiere Responsabeler aus der Schoul an déi respektiv Klassen (7ème, 6ème a 5ème) gaangen, fir mat de Kanner allgemeng iwwer de Phenomeen vun den "Challenges" ze schwätzen.
A fir ze soen, datt et am Lycée guer kéng Toleranz géif ginn, fir bei "Challenges" mat ze maachen, mee och net fir no ze kucken, oder d'Gewalt ze filmen a weider ze verbreeden.
Hei fannt Dir den Interview mat der Judith Reicherzer.