Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Preparatioune vun der 25. UN-Klimakonferenz

Lutte géint de Klimawandel

D'Preparatioune vun der 25. UN-Klimakonferenz

A véier Deeg fänkt zu Madrid déi 25. UN-Klimakonferenz ënner chilenscher Presidence un. Duerch d'Onrouen an Chile huet d'UN Ufank November decidéiert gehat, d'Konferenz a Spuenien ze verleeën. Wei d'Preparatiounen zu Madrid ausgesinn erzielt eis d'Tessy Troes.

auto_stories

2 min

Ronn 1.500 Aarbechter bauen Dag an Nuecht un de siwe Pavillonen an der IFEMA vu Madrid. Den Eduardo López-Puertas, seet Direkter vun de Foireshalen am Nordoste vun der spuenescher Haaptstad.

Déi gréissten Erausfuerderung wier déi wéineg Zäit déi een hätt fir alles ze organiséieren. "Dobäi muss een awer soen, dass d'UN genau Bestëmmungen a Virgaben huet, déi eis Professioneller d'Liewe vereinfacht hunn."

E weidere groussen Challenge ass, datt d'Konferenz jo eigentlech hätt sollen an Chile stattfannen. "Duerch de Wiessel op Madrid kënnen elo vill chilenesch Entreprisen nitt deelhuelen. Eise Ministère huet d'Participatioun dowéinst fir spuenesch Entreprisen opgemaacht, mee mir wëlle keng Leit ausschléissen a mussen all d'Interêten zesummeféieren."

Grouss Euphorie

Vill Mataarbechter sinn den 1. November iwwer d'Press gewuer ginn, datt Madrid d'Organisatioun vun der UN-Klimakonferenz iwwerhuele wäert. Ma egal mat wiem ee schwätzt ass d'Euphorie ze spieren, esou een Event dierfen ze organiséieren. De Juan, Responsabele fir de Volontärsprogramm vun der Stad Madrid seet, datt ee bannent zwou Woche ronn 2.000 Fräiwëlleger fonnt hätt. Den Eduardo Perero vum der Nationaler Konferenz fir d'Ëmwelt seet, datt si elo an der Flicht stinn, jiddweree sou gutt wéi méiglech ze informéieren.

Keng Detailer iwwer ekologeschen Impakt vun der Klimakonferenz

Mat insgesamt 20 bis 25.000 Leit gëtt bei der COP25 gerechent. Iwwer den ökologeschen Impakt vun dëser Klimakonferenz wëll awer nach kee schwätzen. Genee esou iwwer de Fakt, datt duerch zwee spuenesch Feierdeeg an de verlängerte Weekend vum sechsten Dezember Madrid an der Reegel vun Touristen iwwerlaf ass. D'Associatioun vun den Hoteliere wëllt léiwer ervirsträichen, datt een 90.000 Kummeren an der Stad zur Verfügung huet an datt een an der Vergaangenheet schonn aner Evenementer mat enger vill méi héijer Besicherzuel gemeeschtert huet.

"D'Roserei an e Kompromëss ëmsetzen"

No Méint vu Krisen a Katalounien a bei der Regierungsbildung wëllt Madrid dës Chance notzen, fir sech positiv op der internationaler Bün ze weisen, seet de Lopez Puerta vun der IFEMA.

Fir d'Ministesch vun der ökologescher Transitioun Teresa Ribera dierf d'Klimakonferenz awer net just ee Publicity-Event sinn.

"Et ass wichteg, datt déi Roserei an d'Demande vun der Strooss sech an ee Kompromëss iwwersetzt. Et geet net méi drëm eis iwwer d'Spillreegelen eens ze ginn, mee wéi de Mechanismus vun enger COP eis kann hëllefen, Aktiounen ze stäerken an ze acceleréieren."

D'COP25 wäert tëscht dem zweeten an 13. Dezember zu Madrid stattfannen.