Nach gëschter Nomëtteg war d'Garer Kommissariat fir de Public zou, fir d'zweete Kéier dëse Mount. Wéi problematesch dat fir de Public ass konnt d'Presidentin vun der Police-Gewerkschaft Marlène Negrini net soen. Si erkläert, datt de Büro zwar net fir de Public accessibel war, trotzdeem awer Polizisten do waren, déi hier Aarbecht gemaach hunn.
"Dat heescht, wann iergendwéi vu baussen eppes komm ass, wou d'Agenten hu missen op d'Plaz goen, dann ass dat och gemaach ginn."
Ënner anerem iwwer d'Haapt-Kommissariat um Verluerekascht kéint d'Police-Missioun weider gefouert ginn, heescht et vum Henri Kox a senger Äntwert op eng urgent parlamentaresch Fro, ob d'Kommissariat den Ament operationell ass.
Een Drëttel fält aus
Datt ee Kommissariat ausser der Rei misst zou bleiwen géif vun Zäit zu Zäit aus verschiddenste Grënn geschéien, heescht et.
Am Kommissariat op der Gare fält den Ament een Drëttel vun de Fonctionnairen aus, heescht et am Quotidien. Véier si jo bekanntlech am Prisong an een ass wéinst Cannabis suspendéiert. De Rescht fält wéinst Krankmeldungen aus.
Verstäerkt Rekrutementer maache sech bemierkbar
Duerch déi verstäerkt Rekrutementer sollen Ausfäll vu Kommissariater wéinst Personalmangel manner virkommen. Dat sollt dëst Joer fir d'éischt wierklech bemierkbar sinn, mengt och d'Marlène Negrini. Net just Plazen, déi op ginn, well Leit a Pensioun ginn, kéinten nogefëllt ginn.
"Mee et sinn der, déi iwwreg bleiwen. Et ass net méi wéi den éischte grousse Rekrutement, wou et wierklech just nëmmen opgaangen ass."
Nei Fonctionnairë misste sech Respekt verdéngen
De Quotidien schreift iwwerdeems, datt d'Garer Kommissariat eng "Zone de non-droit" wier. Jonk Fonctionnairë misste sech Quotidien-Informatiounen no iwwer en inoffizielle Punktesystem Unerkennung verdéngen, duerch couragéiert Doten. Wat genau domat gemengt ass, wier nach net gewosst.