Mat dëser Entscheedung gëtt de Georges Engel der Fuerderung vum Patronat Recht. De Jean-Paul Olinger vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises ass nämlech der Meenung, datt et keng Drénglechkeet gëtt, enger EU-Direktiv virzegräifen.
"Mir wëssen datt eng europäesch Direktiv an deenen nächste Méint kënnt. Fir eis ass et puren Aktivismus fir lo wëllen op nationalem Niveau eppes duerchzeboxen, wat mir duerno erëm mussen ännere goen. Et schaaft just Onsécherheeten."
Independanten ouni Sozialversécherung a Personalvertriedung
Uganks vun dësem Joer wollt den Aarbechtsminister nach legiferéieren, ouni op eng Direktiv op Europäeschem Niveau ze waarden. Et gouf och schonn een avant-projet de loi fir déi concernéiert Déngschtleeschtungen ze reegelen. Zu Lëtzebuerg betrëfft dat virun allem d'Liwwerungen aus Restauranten. D'Aarbechtsverhältnis tëschent de Liwwerdéngschter an de Mataarbechter sinn do oft net ganz kloer. Vill vun de Liwwerer sinn als Independanten agestallt, wouduerch hir grondleeënd Rechter ewechfalen, wéi zum Beispill gereegelt Aarbechtszäiten, bezuelte Congé oder eng Sozialversécherung. Den OGBL hat et begréisst, datt zu Lëtzebuerg d'Konditiounen an der Plattformaarbecht elo sollte regléiert ginn, erkläert de Frederic Krier.
"Et ass jo virun allem WeDely an och nach Goosty. WeDely huet esou wäit mir wëssen iwwer 1.100 Beschäftegter, déi awer net sozialverséchert sinn, déi keng Personalvertriedung hunn an déi all als Independant funktionéieren. An dat si Saachen wou mir mengen, dat misst een aschränken, an zwar och elo schonn."
De Georges Engel wëllt déi europäesch Direktiv ofwaarden
Den Aarbechtsminister argumentéiert am 100,7-Interview, hien hätt seng Pläng fir e Gesetzesprojet fale gelooss, well et mat der Europäescher Direktiv awer méi séier géif virugoen, wéi ugangs nach geduecht. Ënner der spuenescher Presidence koum et onerwaart zu engem Accord vun engem Text, deen d'Diskussiounen elo virundreift, sou de Georges Engel.
Wann den Dossier op europäeschem Niveau awer géif schleefen, sollt een zu Lëtzebuerg dann awer d'Initiativ ergräifen an un engem nationale Gesetz schaffen, sou nach den Aarbechtsminister Georges Engel.