Radioen

On air

9 bis 1  |  Bleachers - Call Me After Midnight

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Piratepartei leet de Fokus op d'Steierpolitik, Sécherheet a Biergerbedeelegung

Prett fir de Walkampf

D'Piratepartei leet de Fokus op d'Steierpolitik, Sécherheet a Biergerbedeelegung

Den Donneschdeg den Owend hunn d'Piraten op hirem zweete Landeskongress dëst Joer de Walprogramm fir d'Chamberwale vum 8. Oktober ugeholl. De Fokus gouf op Sécherheet, Steierpolitik a Biergerbedeelegung geluecht. D'Oppositiounspartei geet mat komplette Lëschten an de véier Walbezierker an d'Walen. An de Walkampf start d'Partei mam Slogan "Gerecht Léisunge fir haut a muer".

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Mat engem Kongress op engem Schëff zu Réimech wollt d'Oppositiounspartei ënnersträichen, datt et sech ëm Piraten handelt. Gekämpft gouf net, de Programm ass eestëmmeg vu ronn 60 Parteimemberen ugeholl ginn.

Do dra stinn zum Beispill déi schonn deels bekannt Fuerderungen no engem direkt bezuelte Klimabonus, ee Loyer vu maximal zéng Euro pro Metercarré fir staatlech Wunnengen. Am Programm stinn och Propose fir méi Biergerbedeelegung, seet de Sven Clement, Spëtzekandidat am Zentrum.

"Mir hätte gären ee partizipative Budget, wou een Deel vum Budget op d' Säit geluecht gëtt, wou jidderee kann Ideeë proposéiere fir a sengem Eck vum Land an national konkret Projete kann ëmsetzen."

D'Pirate schwätze sech och fir e Biergerrot aus a gleewen, de sougenannte Klimabiergerrot gesi si just als éischt Etapp fir méi Biergerbedeelegung.

5 + 1 Piraten-Deputéierter?

Déi aktuell blo-rout-gréng Regierung géif sech de Klimabiergerrot just op de Fändel schreiwen, d'Fuerderungen awer ignoréieren. D'Pirate kritiséieren och d'Steierpolitik vun der Regierung a fuerderen d'Ofschafe vun de Steierklassen. D'Leit sollen onofhängeg vum Bezéiungstatus oder der Alterstranche besteiert ginn, sou de Sven Clement.

Kuerz virum Wahlkampfoptakt de Méindeg weise sech d'Piraten nees änlech ambitiéis wéi bei de Gemengewale vum Juni.

"D'Zil ass Fraktiounsstäerkt an eis Berechnunge soen: zwee am Zentrum, zwee am Süden, een am Norden a villäicht een am Osten", seet de Marc Goergen, Spëtzekandidat am Süden.

Bis ewell hunn d'Piraten zwee Sëtz an der Chamber.