Radioen

On air

Notturno  |  Rozi Plain - Help

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Pirate wëllen endlech an d'Chamber

Chamberwahlen 2018

D'Pirate wëllen endlech an d'Chamber

D'Piratepartei wéilt, zesumme mat der PID, eng Alternativ fir déi Leit bidden, déi onzefridde mat der Regierung sinn, d'CSV awer net zeréck un de Pouvoir wiele wëllen. Dat wier awer net ouni Reiwunge geschitt, seet de Sven Clement.

auto_stories

3 min

De President vun der Piratepartei, Sven Clement

Zesumme géif ee méi eng staark Alternativ fir Wieler duerstellen, déi onzefridde mat der Regierung sinn, déi awer net bereet wiere, fir d'CSV erëm un de Pouvoir ze wielen, huet de President vun der Piratepartei erkläert.

Wéi vill Kandidate vun der PID bei de Chamberwahlen op de Lëschte vun der Piratepartei untrieden, wier nach net gewosst. All Kandidate misste sech fir d'éischt um Kongress am Mee presentéieren. Bei de Chamberwahlen hätt een déi beschte Chancen am Zentrum an am Süden. D'Zil wier et, fir mat engem oder méi Deputéierten an d'Chamber ze kommen, esou de President vun der Piratepartei.

Chamberleak: E bewosst Handelen

De President vun der Piratepartei Sven Clement geet dovun aus, datt de Chamberleak duerch ee bewosst Handelen vu Chambermataarbechter ze erklären ass. Dat sot hien de Moien hei op der Antenn. Chambermataarbechter hätten deemno bewosst "Dokumenter op ee Computer geluecht, deen 24 op 24 mam Internet verbonne wier", sou de Politiker, deen dat "skandaléis" fënnt.

De Sven Clement gesäit - wat d'Verhale vun den Autoritéiten ugeet - Parallellen tëscht dem Dossier Chamberleak a Medicoleaks, där Affär also, an där hien 2014 selwer zu enger Geldstrof vu 500 Euro verklot gouf:

"Souwuel wat d'Schludderegkeet am Ëmgang mat sensibelen Donnéeën ugeet, ob et en Dokument vun der Chamber ass oder e Post-it mat engem Passwuert, dat gehéiert protegéiert, dat gehéiert net an d'Hänn vun Drëtten, dat gehéiert net fräi op e Computer gepecht, dat gehéiert net fräi op den Internet gesat. Dat ass de Punkt eent. De Punkt zwee ass ganz kloer den Ëmgang vun den Autoritéiten op den Iwwerbrénger vun der schlechter Nouvelle ze schéissen. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer déi Taktik 'Shoot the messenger'"

Schwaache Whistleblowerschutz

Wann een eng Sécherheetsfaille entdeckt, géif ëmmer direkt gekuckt ginn, op deen net kéint ugeklot ginn an ob net eng Perquisitioun sollt gemaach ginn. Domat géif d'Intentioun eng Faille ze melle futti gemaach ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt et momentan e schwaache Whistleblowerschutz. De grénge Justizminister Felix Braz sot dem Lëtzebuerger Wort am Mäerz, hie géif op eng europäesch Initiativ waarden.

Am Fall Medicoleaks ass "bal op den Dag genee viru sechs Joer" beim Sven Clement eng Perquisitioun geschitt, dat nodeems hie bewosst an de Reseau vum Service médico-sportif eragaange war - mat engem Passwuert, dat hie bei enger Kontroll op engem Post-it op engem Bildschierm gesinn huet pechen. Hien hat de Virfall selwer bei den Autoritéite gemellt. 2014 ass hien zu enger Geldstrof vu 500 Euro veruerteelt ginn. Am Dossier Chamberleak ass keng Perquisitioun beim radio 100,7 geschitt, eng Enquête préliminaire ass nach am Gaangen. Fir op déi sensibel Dokumenter um Chambersite ze kommen huet keng Infractioun misste begaange ginn.