Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'PID geet net mat an d'Gemengewahlen

Gemengewahlen

D'PID geet net mat an d'Gemengewahlen

D'Partei hätt an de Gemengen net genuch Kandidate fonnt, "déi capabel sinn, fir Politik ze maachen", sou den neie PID-President Serge Jochheim. Bei de Chamberwahlen d'nächst Joer wëllt d'Partei fir Integral Demokratie awer untrieden.

auto_stories

2 min

Ufank Juli huet de Serge Jochheim de fréieren ADR-Deputéierten Jean Colombera un der Spëtzt vun der PID ersat. "De Jang war der Meenung, datt neie Wand soll erakommen, a méi eng modern, jonk Approche," sou den neie President. De Jean Colombera wier awer nach ëmmer "aktiv an der Partei täteg". Zum Beispill fir Rotschléi ze ginn an Diskussiounsronnen ze féieren.

Als President wëllt de Serge Jochheim hëllefen, der Partei "eng nei Ausriichtung ze ginn". Fir d'PID als Partei "ze schäerfen" wier e Manifest ausgeschafft ginn, wou drasteet, "wat integral Partei soll bedeiten". An engem Mount soll och en neien Internetsite lancéiert ginn, doduerch soll "méi Kontakt mat de Leit" an och méi Austausch mat der Press entstoen.

De Schwäizer Modell als Virbild

Haaptzil vun der PID ass et, de politesche System vu Grond op ze reforméieren. Den aktuelle Parteiesystem géif de "Leit net méi Rechnung droen," sou de Serge Jochheim. Seng Partei sëtzt sech dofir fir eng "Democratie référendaire nom Schwäizer Modell" an. D'Bierger sollen deemno méi dacks per Referendum ëm hir Meenung gefrot ginn.

Fir dës "Iddie weiderzedreiwen" wëllt d'PID 2018 bei de Chamberwahlen untrieden. De Partei-President weist sech "optimistesch", datt 60 Kandidaten fonnt ginn, fir mat an d'Wahlen ze goen, och wann d'Partei am Moment just eng 70 Memberen huet. Fir d'Gemengewahle wëllt d'PID dogéint keng Lëschten opstellen.

"Wéi ech an d'Partei komm sinn, hate mir zwar Kandidate fir d'Gemengewahlen, awer nach keng politesch Ausriichtung," sou de Serge Jochheim. "Do hätt Partei kënne bäilafen". Fir dat ze verhënneren hätt een decidéiert, sech fir d'éischt nei auszeriichten, "fir ze kucken, op mer iwwerhaapt capabel sinn, Politik ze maachen".