Radioen

On air

Zeenewiessel  |  Future Islands - A Dream Of You & Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Parteie reagéieren op déi méi héich Militärausgaben

Eng Milliard euro bis 2028

D'Parteie reagéieren op déi méi héich Militärausgaben

D'Entscheedung, d'Militärausgabe vun elo un progressiv eropzeschrauwen, gëtt vun de meeschte Parteie begréisst, stéisst awer och op Kritik. Lëtzebuerg misst den Uspréch, déi d'NATO huet, gerecht ginn, mengt de CSV-Politiker Claude Wiseler. Dës Meenung deelt och d'Lydia Mutsch vun der LSAP. Kritik gëtt et vun déi Lénk.



auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Lëtzebuerg misst den Uspréch, déi d'NATO huet, gerecht ginn, a grad elo an der gemeinsamer Verdeedegung säin Deel un Responsabilitéit bäidroen, mengt de CSV-Politiker Claude Wiseler. Virun Allem de Loftberäich misst nach weider ausgebaut ginn.

Dës Meenung deelt och d'Lydia Mutsch vun der LSAP. Et hätt een ëmmer probéiert, d'Diplomatie an de Vierdergrond ze stellen, mee an der aktueller Situatioun, an där sech villes radikal geännert huet, missten all d'NATO-Memberen zesummenhalen.

"Et ass schonn ee kollektiivt Bestriewe fir verstäerkt zesummenzeschaffen an enger Verdeedegungsallianz, a mir sinn ee Member do dovun."

Fënnef Mol méi wéi China

Anerer Meenung ass d'Nathalie Oberweis vun déi Lénk. Si gesäit d'Entscheedung, d'Militärausgaben nach méi an d'Luucht ze schrauwen, kritesch, well d'NATO esou nëmmen an eng Zort Oprüstungsspiral rutsche géif.

"Wat mir elo scho gesinn ass, datt d'NATO elo scho mindestens fënnef Mol méi wéi China, also déi zweet gréisst militäresch Muecht, eben a militäresch Depense stécht. Dat heescht mir, also d'NATO, ass do scho ganz ganz vir bäi an dreift déi Oprüstungsspiral mat un."

Dës Oprüstungsspiral gesäit d'Nathalie Oberweis vun déi Lénk éischter als Gefor. Si freet sech, ob dat d'Léisung ass, fir d'Welt wierklech méi sécher ze maachen.