Radioen

On air

De Moien  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Pandemie huet der Weltmetropole de Stecker erausgezunn"

Corona-Pandemie

"D'Pandemie huet der Weltmetropole de Stecker erausgezunn"

"D'Pandemie huet der Weltmetropole de Stecker erausgezunn", esou beschreift de Georges Krombach d'Situatioun zu New York. De Lëtzebuerger lieft a schafft zanter 2018 an der gréisster Stad vun den USA. An hien huet decidéiert trotz der aktueller Situatioun net fréizäiteg zeréck op Lëtzebuerg ze kommen. Wat riskéiert wéinst der Corona-Pandemie op d'USA duerzekommen? Wéi huet d'Liewen zu Manhattan changéiert?

auto_stories

4 min

De Georges Krombach schafft bei der lëtzebuergesch-amerikanescher Technologie-Entreprise Talkwalker. Et wier eng Chance de Moment vun doheem zu Manhattan aus kënnen ze schaffen, seet de Lëtzebuerger.

Dat ganzt soziaalt Liewen zu New York wier zesummegebrach: z. B. wieren der Stad hir 14.000 Restauranten zou, zielt hien.

"D'Stad huet wierklech vill vun hirem Sex Appeal verluer, an all déi komesch Kauzen, déi soss an der Mass vu Leit ënnergaange sinn, gesäit een elo ronderëm geeschteren."

Fir déi extrem nervös Stad esou roueg ze erliewe wier onverhofft an awer och immens schéin, esou d'Beschreiwung vum Georges Krombach.

"Mir maachen dat Bescht aus der Stad"

D'Fro no der Sécherheet zu New York beschreift de Lëtzebuerger mat enger Situatioun vun e puer Motorrads-Banden aus dem Norde vun der Stad, déi dëser Deeg ronderëm de Central Park ënnerwee waren.

"Dat war schonn e bëssen eng Stëmmung wéi Mad Max, wei si sech do op hiren hënneschte Rieder de Batti gestallt hunn, mat vill Damp a Kaméidi. Et vermësche sech elo wierklech gelunge gesellschaftlech Schichten hei, déi net geduecht ware sech ze vermëschen."

Mee alles an allem wier d'Police immens present, an hie géif sech immens sécher zu New York fillen. De Georges Krombach huet sech dann och dogéint entscheet, wéinst der Corona-Pandemie d'Stad ze verloossen. Vill Leit wieren aus New York fortgeplënnert, virun allem déi Räich wieren an hir Haiser baussent der Stad geplënnert, mee och vill jonk Leit, déi an anere Staate wunnen.

"Mir maachen dat Bescht aus der hallef-eideler Stad a profitéiere fir emol eleng ganz gemittlech duerch de verloossene Central Park oder laanscht den Hudson ze goen." Dat kéint de Georges Krombach enges Daags sengen Enkelen zielen, mengt hien.

New York ass staark getraff

Een anert Bild presentéiert sech allerdéngs de Moment zu New York virun de grousse Spideeler:

"An do bei deene grousse Klinicke gesäit een dann eben déi onendlech Reie mat Killween, wou d'Läichen dragetässelt ginn. Dat ass schonn extrem. Dat geet un een, wann een den Doud sou direkt vis-à-vis am Camion gesäit. An dann d'Biller vun de Massegriewer, déi iwwregens ëmmer Massegriewer fir déi Obdachlos waren, bis elo. Déi Biller ginn immens un een."

Et misst een awer och betounen, datt een zu New York Kontrastprogramm gewinnt wier, seet de Georges Krombach:

"Hei lieft extrem räich, a wann ech extrem soen, dann ass dat immens extrem räich, nieft extrem aarm immens ganz enk zesummen. Do stumpft ee schonn e bëssen of. Och déi mat Brieder zougeneelte Luxusbutteker zu Soho an op der Fifth Avenue hunn eppes vun Endzeitstimmung, - ma direkt niewendrun ass Cherry Blossom am Central Park."

Och wann d'Finanzwelt zu New York sech zimmlech séier vun der Corona-Kris kéint erkréien, wäert z. B. den Tourismus an der Stad sech nach esou bal net dovun erkréien, mengt de Lëtzebuerger.

"Am Tourismus an an der Restauratioun schaffen déi sozial Schwaach zu New York, dat heescht, et wäert e schlëmmt Joer gi fir dës Stad a fir dës Leit. Déi extrem Densitéit vun New York ass elo d'Achillesseen vun dësem Tourismusmagnéit, an et wäert laang dauere bis dat sech erëm apendelt. Ma allem an allem ass New York duerch all Kris gewuess a méi staark ginn, an ech si mir sécher, datt dat och erëm hei wäert geschéien."

Ee politeschen Echec

Wat dat Politescht ugeet, sou wier déi ganz Covid-19-Kris awer e groussen Echec fir Amerika a fir den amerikanesche President.

"Et muss een zouginn, datt eng positiv ekonomesch Evolutioun vun engem Land, dat vum Turbokapitalismus a bëlleger Aarbechtskraaft lieft dem President bis just virun der Kris Recht ginn huet. Mee de Virus huet him e Stréch duerch seng Strategie gemaach, an nodeems hien all Mënsch erausgeworf huet, deen him widdersprach hat, setzt hien elo e bëssi mam Fanger am Mond vis-a-vis vun enger globaler Pandemie, enger zerstéierter Ekonomie an zimmlech schlechte Quoten do."

D'Arroganz vun "America first" hätt dem President d'Genéck gebrach, ënnersträicht de Georges Krombach.

"D'Land steet virun immens grousse sozialen Erausfuerderungen, d'Existenz vu Millioune Leit läit a Schierbelen an et ass och am Fong d'Revelatioun vun engem immens frappante Manktem u Leadership, dee séier een Impakt op déi ganz Welt huet."

Obwuel den Donald Trump de Moment amgaang wier "duerch de Virus-Examen" ze falen, kéint een elo nach net soen, wéi d'US-Presidentschaftswalen am Hierscht wäerten ausgoen, esou de Georges Krombach.

"Et hänkt wierklech immens vill dovun of, wéi d'Ekonomie sech elo nom Mee erhëlt a wéi vill Dollar den Trump nach an d'Ekonomie ka pompele fir sech Stëmmen ze kafen. An dat Wichtegst: wéi eng Skandaler nach wäerten opdauchen."

Allerdéngs hätt den US-President ee potentielle Joker:

"Wann déi amerikanesch Wëssenschaft et fäerdeg bréngt, datt Amerika deen éischte Covid-Vaccin op de Marché bréngt, da vergësst vläicht all Mënsch de Rescht, an den Trump kéint d'Wale wéi e Messias gewannen."