Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Nora Back ass nei Presidentin vum OGBL

Gewerkschaften

D'Nora Back ass nei Presidentin vum OGBL

Um Kongress vun der Gewerkschaft huet den neien Nationalvirstand d'Nora Back mat 97,5 Prozent vun de Stëmme gewielt. Si iwwerhëlt d'Nofolleg vum André Roeltgen.

auto_stories

1 min

D'Nora Back

Am Juni d'lescht Joer war si en vue vum Féierungswiessel Generalsekretärin ginn an hat no de Sozialwalen Uganks des Joers am Juni och d'Presidence vun der Chambre des salariés iwwerholl. D'Delegéiert vum OGBL hunn doriwwer eraus der Integratioun vum Landesverband an hir Gewerkschaft zougestëmmt. 99,6 Prozent vun den Delegéiered waren dofir, datt de Landesverband Deel vum OGBL gëtt, dee zënter ville Jore fir d'Grënnung vun enger Eenheetsgewerkschaft antrëtt. De Landesverband soll ab nächstem Joer en eegent Beruffssyndikat mat Zentralsekretär am OGBL ginn, fir d'Beschäftegt vun de verschidde CFL-Gesellschaften a vu Luxtram. De Landesverband selwer hat dëser Integratioun e Méinden iwwert op engem ausseruerdentleche Kongress zougestëmmt. 76 Prozent vun den Delegéiert vun der FNCTTFEL haten e Méinden dofir gestëmmt.