Radioen

On air

Jazz Club  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Nathalie Oberweis geet net mat an d'Chamberwalen

Déi Lénk

D'Nathalie Oberweis geet net mat an d'Chamberwalen

D'Nathalie Oberweis geet am Oktober net mat an d'Chamberwalen. Dat sot d'Deputéiert vun Déi Lénk hei op der Antenn. Si hätt festgestallt, datt et "immens schwéier" wier, hiert Mandat an der Chamber ze erfëllen a gläichzäiteg fir hir Kanner do ze sinn, esou d'Nathalie Oberweis hei op der Antenn. Déi Lénk mussen domat am Walkampf fir d'Chamberwalen op eng vun hire bekanntste Politikerinne verzichten.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Et géing hir och wierklech Leed doen, an et wier och keng einfach Entscheedung gewierscht, esou d'Nathalie Oberweis. Dat géing awer net heeschen, datt si elo net méi aktiv wier.

"Mee ech sinn eng immens engagéiert Persoun, an ech hunn an der Lëscht gemierkt, datt ee muss Prioritéite setzen, an datt ee verantwortlech ass fir seng Kanner a net just fir d'Gesellschaft an d'Partei a seng Matmënschen. Voilà, ech bleiwe jo engagéiert: Ech bleiwen an der Partei, an der Sektioun an an der Gemeng. Ech sinn eng engagéiert Persoun, ech verschwannen net esou schnell."

An der Gemengepolitik bleift d'Nathalie Oberweis deemno fir Déi Lénk aktiv: Si wäert d'Mandat am Stater Gemengerot unhuelen fir dat si e Sonnde gewielt gouf.