Reform D'Moderniséierung vum groussherzoglechen Haff gëtt konkret
D'Ëmsetze vun de Recommandatiounen aus dem Waringo-Rapport iwwer de grouss-herzoglechen Haff gëtt méi konkret. De Premier Xavier Bettel (DP) huet der zoustänneger Chamberkommissioun gëschter den Textprojet presentéiert, fir de geplangten Arrêté grand-ducal fir d'Organisatioun vun der Maison grand-ducale.
Ronn 90 Prozent vun de Recommandatiounen aus dem Waringo-Rapport solle mam Accord vum Grand-Duc an nächster Zäit ëmgesat ginn, hat de Regierungschef bei der Presentatioun vum Bericht Ufank Februar dëst Joer ugekënnegt. Aner Changementer bräichte méi Zäit, well nach Detailer missten ausgeschafft ginn, hat et deemools geheescht. Bei den Ännerungen, déi elo solle kommen, geet et virun allem ëm d'Personalgestioun um Haff, ëm d'Struktur an ëm d'Finanzen.
Wéi vill méi Budget den Haff kritt, wier nach net präziséiert ginn, esou d'Deputéierten no der Sitzung. Dat dierft eréischt déi iwwernächst Woch beim Depôt vum Projet fir de Staatsbudget 2021 bekannt ginn, soun de President vun der Chamber-Institutiounekommissioun, den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo.
"Ech ka jiddefalls just soen, dass et - wa mer soen den Haff soll déi Moyene kréien, déi e braucht, dass de Sënn heivun net war d'Mëttele vum Staatschef ze beschneiden."
Wat den zukünftege Budget fir de Staatschef ugeet, huet den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement de Mëttwoch verroden, datt de Budget fir de Grand-Duc beim nächste Staatsbudget "considerabel" soll an d'Luucht goen. Et misst ee sech elo d'Fro stellen ëm wéi vill a virun allem an aus wéi enge Budgetsposten dës Sue sollen hirkommen.
D'Oppositioun huet kee Verständnis fir déi Budgetserhéijung
Grad a Krisenzäite misst och gekuckt gi, wou d'Suen hier kommen a firwat se elo an de Budget vum Grand-Duc ginn, erkläert den Oppositiounsdeputéierten.
"E ganz konkret Beispill: haut hunn anscheinend Administratiounen, ë.a. Bâtiments publics schonn Interventioune gemaach op de Schlässer Bierg a Fëschbech, dat ouni forcement e kloert Mandat dofir ze hunn fir net ze soen et gouf keng Base légale fir déi Interventiounen ze maachen. Déi Fraise sinn also haut iergendwou am Budget vu Bâtiments publics verschwonnen. Wa mer déi elo raus huelen an explizitt an de Budget vum Grand-Duc stellen, da muss natierlech dee Budget an d'Luucht goen."
Dem Sven Clement no, géifen et och nach oppe Froe beim geplangte Personal-Organigramm fir den Haff ginn. De Marc Baum, Chamber-Deputéierte fir déi Lénk kritiséiert, datt d'Personal-Effectiffen um Haff däitlech erop gesat solle ginn. An Zukunft sollen 142 Leit Personal um groussherzoglechen Haff schaffen. Dat géif engem Drëttel méi Personal entsprieche wéi haut. "Do hu mir awer d'Erklärunge gefeelt wou dee massiven Zouwuess u Plazen, wou de Besoin wierklech soll sinn", sou de Marc Baum.
CSV ass zefridden
D'CSV-Fraktioun huet sech de Mëttwoch zefridde gewisen, well eng transparent a modern Monarchie soll geschaf ginn, a well d'Maison du Grand-Duc mam Staatschef an net laanscht hie soll organiséiert ginn, sou de Deputéierte Léon Gloden.
Nodeem den Text vum Arrêté grand-ducal am Regierungsrot wäert presentéiert ginn, soll d'Dokument an den nächste Woche publizéiert ginn, besonnesch och fir datt d'Personal um Haff Rechtssécherheet soll kréien, esou de Léon Gloden, iwwer déi geplangte Moderniséierungen.
An Zukunft: E kloeren Organigramm an eng transparent Finanzgestioun
De Budget soll transparent gefouert ginn, genee wéi dee vun all aner Instituatioun a Verwaltung. "Et ass eng kloer Aarbechtsopdeelung an der Maison du Grand-Duc."
Gereegelt gi soll ënner anerem och wéi d'Astellungspolitik um Haff an Zukunft soll funktionéieren, sou de Premier Xavier Bettel.
"Mee awer och iwwert den Organigramm, wéi iwwerhaapt déi ganz Organisatioun vum Palais och ass, wou een den Hafmarschall un der Spëtzt vun der administrativer Säit huet, dat Ganzt ënnert der Egide vum Grand-Duc, mee wéi gesot, den Hofmarschall, dee vis-à-vis vum Personal, dee vis-à-vis vun de Finanzen, déi administrativ Responsabilitéit huet."
Mam geplangten Arrêté grand-ducal sollen also Recommandatiounen aus dem Waringo-Rapport vum Februar dëst Joer ëmgesat ginn. Wat seng Missioun ugeet, huet den Auteur Jeannot Waringo de Mëttwoch no der Kommissioun-Sitzung an der Chamber gesot.
"Meng Missioun war de Rapport ze schreiwen, herno war ech nach berodend ganz gären disponibel. An ech géing menge vun haut un ass et richteg eriwwer."