Radioen

On air

Notturno  |  Makaya McCraven - The Fours

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Luxair flitt nees

National Airline

D'Luxair flitt nees

Vun haut Freideg u geet de reguläre Passagéierbetrib um Findel nees op. D'Luxair flitt an enger éischter Phas siwen Destinatiounen un. D'Nofro wier grouss, esou déi Responsabel vun der nationaler Fluchgesellschaft den Donneschdeg virun der Press. Déi éischt Volle wiere gutt gefëllt, esou de Laurent Jossart vu Luxair. D'Volle Richtung Portugal de Weekend wiere praktesch voll an op Stockholm wieren d'Fligeren zu ronn 75 Prozent gefëllt.

auto_stories

3 min

Fir déi Vollen ze erméigleche goufen et vill grouss a kleng Aarbechten, mam Zil d'Fluchpassagéier méiglechst ouni Kontakt duerch den Terminal um Flughafen an an de Fliger ze kréien, esou datt een eng méiglechst Vire-fräi Rees kann untrieden.

Um Terminal selwer gëllen déi gewinnten Hygiènesmesuren: Ofstand, Mask undoen, Hännwäschen, an iewescht Gebot: esou mann wie méiglech upaken. Esouguer Toiletten um Findel sinn elo contactless, erkläert de René Steinhaus, CEO vu Luxairport. Waasserkrinn ouni Kontakt, Lingetten aus Pabeier fir d'Hänn ofzedréchnen, déi een nom Gebrauch kann ewech geheien, ouni d'Poubelle unzepaken. D'Fönen, déi virdrun agesat goufen, goufen deaktivéiert.

Precautiounen am Terminal

D'Circulatioun vun de Fluchpassageier funktionéiert am Gebai am Sens unique fir ze vermeiden, datt vill Mënschen op enger Plaz openeen treffen. D'Fluchpassagéier kënne sech am Virfeld vun hirem Vol och op den Internetsitten lux-airport.lu a luxair.lu iwwer déi nei Bestëmmungen informéieren.

Nei beim Anchecken ass, datt een d'Schong net muss ausdoen an d'Plateauen an déi ee seng Wäertsaache fir d'Kontroll leeë muss, grad wéi d'Weenercher fir d'Bagagen no all Client desinfizéiert ginn.

Am Terminal selwer gouf scho virun zéng Wochen d'Klimatiséierung ëmgestallt, esou datt all hallef Stonn d'Loft komplett mat Frëschloft ausgewiesselt gëtt.

Mesuren am Fliger

Am Fliger ass d'Loftzirkulatioun minutiéis gesteiert, esou de Christoph Blaha, Responsabele vun der Maintenance. D'Loft kënnt vun uewen an d'Kabinn eran a gëtt ënnen am Foussberäich nees eraus gezunn. Dobäi komme sougenannt HEPA-Filteren (High Efficiency Particulate Air Filter) zum Asaz.

Tëschent zwee Volle gëtt de ganzen Interieur vum Fliger manuell mat engem Desinfektiounsmëttel gebotzt an nuets dann eng speziell Maschinn agesat, erkläert de Christoph Blaha.

Speziell Schoulunge fir d'Personal an Informatioune fir d'Passagéier

Och d'Kabinnepersonal huet eng extra Formatioun kritt am Fall wou e Passagéier géif Symptomer vu Covid-19 weisen. Et gëtt e Konzept, dat "Safe&Clean" heescht an op der Websäit vun der Luxair kann nogelies ginn. Ausserdeem kritt all Passagéier u Bord nach en extra Kit, esou d'Melanie D'Alimonte, Chef vum Kabinnepersonal.

"Eng Mask, en hydro-alkoholesche Gel, eng Lingette. Och wann de Fliger desinfizéiert gëtt, kann de Client d'Lingette benotzen, wann hien nach wëltl iwwer den Dëschelchen oder iwwer d'Aarmleene fueren." Fir den Honger an den Duuscht ass esouguer och gesuergt, awer och hei gi Sécherheetsmesuren geholl, seet de Christoph Blaha.

D'Passagéier géifen eng Tut mat engem Bréitchen an Uebst dra kréien. E Becher kritt een net, fir de Kontakt tëschent Passagéier a Kabinnepersonal ze limitéieren.

Dat ganzt Konzept Safe&Clean kritt een als Passagéier och nach emol schwaarz op wäiss, ausserdeem e klenge Froebou, deen ee virum Vol ausfëllt, mat Informatiounen iwwer eventuell Symptomer.