Radioen

On air

De Moien  |  Bilderbuch - Dates

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Logementspräisser klamme weider

Logement

D'Logementspräisser klamme weider

D'Covid-Kris hat kee groussen Impakt op de Logementsmarché hei am Land. Där Meenung ass de Julien Licheron, dee sech um Fuerschungsinstitut LISER mat den Entwécklungen um Immobiliëmarché beschäftegt. De franséische Fuerscher sot eis, d'Wunnengspräisser wieren am zweeten Trimester vun dësem Joer zwar net grad esou séier geklomme wéi an de Méint virdrun. Hien ass awer der Meenung, dat dierft een net iwwerbewäerten.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / Puttachat Kumkrong

Lauschterenplay_arrow


An d'Verkafsstatistike vun engem eenzegen Trimester dierft een net ze vill eran interpretéieren, esou de Julien Licheron am 100,7-Interview. Vun engem Trimester an dat anert wieren net déi selwecht Wunnunitéiten um Marché a se wieren och net op der selwechter Plaz am Land. Doduerch kënnen et Ënnerscheeder am Verkafspräis ginn.

Den Trend weist no uewen

Virun allem d'Präisser vu scho fäerdeg gebauten Haiser sinn an de leschte Méint éischter stabel bliwwen, amplaz weider ze klammen. De Fuerscher vum LISER gesäit dat awer éischter als eng Nuance, déi näischt um allgemengen Trend ännert.

Zanter 2018 géifen d'Immobiliëpräisser zweestellege Prozentsaz klammen. Och wann een am zweeten Trimester vun 2021 festgestallt hätt, datt d'Präisser net méi grad esou séier geklomme sinn, wier de Rhythmus vun der Präishausse weiderhi ganz staark,

Virun allem Wunnenge gi méi deier

Trotzdeem bleift déi mëttelfristeg Tendenz déi selwecht, ewéi virun der Corona-Kris. D'Präisser vun den Immobilien zéie weider staark un. An dat géif sech virun allem bei de Präisser vun de Wunnenge weisen, esou de Julien Licheron.

Wärend d'Präishausse um Wunnmarché stabel ass, géif et um Büro- a Commercemarché vill méi Onsécherheet ginn. Dofir wier de Marché bei Wunnengen nach ëmmer e "Refuge" fir Investisseuren.

Donieft hätten dann och vill Privatstéit wärend dem Lockdown Sue gespuert, déi elo zum Deel an Immobilie fléissen, erkläert de LISER-Fuerscher. Dat wier dann och eng Erklärung, firwat d'Immobiliëpräisser net just zu Lëtzebuerg, mee och am Ausland am Gaange sinn däitlech ze klammen.