Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Mavis Staples - Worthy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Loftqualitéit zu Lëtzebuerg huet sech verbessert

Etüd

D'Loftqualitéit zu Lëtzebuerg huet sech verbessert

D'Loftqualitéit zu Lëtzebuerg huet sech verbessert. D'lescht Joer ass de virgeschriwwenen EU-Grenzwäert vum Stéckstoff-Dioxiden op kenger vun den 105 Miessstatiounen an den 33 Gemengen am Land iwwerschratt ginn. Dat deelt d'Ëmweltverwaltung mat. Sou gutt wéi keng Gemeng huet déi méi streng Grenzwäerter vun der WHO agehalen.

auto_stories

2 min

Just an de méi ländleche Gemenge wéi Beckerich, Préizerdaul, Waldbëlleg leit d'Joresmoyenne ënnert 10 Mikrogramm pro Kubikmeter Loft. Stéckstoff-Dioxiden si schlecht fir d'Gesondheet.

WHO warnt virun ze héijer Loftverschmotzung

D'WHO warnt reegelméisseg virun ze héijer Loftverschmotzung. All Joer géifen et méi wéi siwe Millioune fréizäiteg Doudeger doduerch ginn. Viru knapp zwee Joer huet d'Weltgesondheetsorganisatioun dowéinst hier Grenzwäerter méi Streng gemaach. De Wäert vum Stéckstoff-Dioxide gouf vu 40 Mikrogramm pro Kubikmeter op 10 Mikrogramm pro Kubikmeter erofgesat.

Op EU-Niveau géif den Ament iwwer nei Grenzwäerter diskutéiert ginn heescht et op Nofro hin am Ëmweltministère. Zu Lëtzebuerg hätten d'Wäerter vun der Loftqualitéit sech zanter 2005 konstant verbessert, erkläert d'Ëmweltverwaltung. Trotzdeem géifen déi gemoosse Wäerter op verschiddene Plaze ganz no un der Limite leie - zum Beispill zu Réimech, Iechternach, Déifferdeng, Esch, Hesper a Lëtzebuerg.

Den Tram an d'Elektroautoe verbesseren d'Loftqualitéit

D'Moderniséierung vun der Autosflott mat der Aféierung vun neien EURO-Normen an Elektroautoe géifen d'Loftqualitéit zwar verbessere, mee eng allgemeng Hausse vum Stroosseverkéier géif dës Verbesserung bremsen.

Mam Tram an der elektrescher Busflott hat d'Regierung eng besser Loftqualitéit an der Stad Lëtzebuerg versprach. Dat géif een un de Wäerter vun der Avenue de la Liberté och gesinn ënnersträicht d'Ëmweltverwaltung. Hei hätt sech d'Loftqualitéit iwwerproportional verbessert.

Datt d'Wäerter deelweis iwwert deene vun 2021 leie, kéint un den ongënschtege Wiederverhältnisser 2022 leien. D'Reduzéierung vun der Loftverschmotzung misst weidergefouert ginn heescht et dann nach aus der Ëmweltverwaltung.