Zenter Lëtzebuerger Sprooch D'Lëtzebuerger Sprooch stäerken

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch ass virun engem Joer mam Gesetz fir d'Promotioun vum Lëtzebuergeschen an d'Liewe geruff ginn. En ass ee vun dräi Acteuren - nieft dem Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch an dem CPLL, dem Conseil permanent de la langue luxembourgeoise.

Maurice Molitor / cz

Luc Marteling
De Luc Marteling ass den éischten Direkter vum neien Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

All Acteur huet seng Missiounen, sou den éischten Direkter vum neien Zenter. Et géifen awer evidenterweis Iwwerschneidungen a Collaboratiounen, seet de Luc Marteling. Eng Missioun vum Zenter wier et fir d'Sprooch ze norméieren an dofir géif momentan och un enger kompletter Orthographie geschafft ginn, déi nach dëst Joer soll erauskommen. Eng Grammaire soll méi spéit nokommen. Déi Projete géife mam Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch ofgeschwat ginn, sou de Luc Marteling.

D'Norméiere vun der Sprooch ass eng vun den Aufgabe vun deem neien Zenter, d'Promotioun vum Lëtzebuergeschen eng aner. An deem Zesummenhang wëllt de Luc Marteling zum Beispill och op social networks zeréckgräife fir Wierder, déi e bëssen an de Vergiess gerode sinn, nees an de Sproochgebrauch ze bréngen. Den däitschen Duden hätt zum Beispill "e relativ flotten Twitter-Account", iwwer deen all Dag e Wuert presentéiert gëtt, sou de Luc Marteling.

LOD.lu eng Prioritéit

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, deen zejoert via Gesetz an d'Liewe geruff gouf, besteet - fir unzefänken - aus deene Leit, déi bis elo um LOD, dem Lëtzebuerger Online-Dictionnaire geschafft hunn an dat och weider wäerte maachen. Ënner aneren Aufgaben, déi den Zenter soll a wäert iwwerhuelen, bleift den Dictionnaire nämlech eng Haaptaktivitéit. Bal 27.000 Wierder stinn an der Tëschenzäit an deem Online-Dictionnaire. De Luc Marteling verréit, no wéi enge Wierder am dackste gesicht gëtt.

An den Top-20 wieren am Prinzip nëmme Verben, ganz uewe steet d'Wuert "goen". Do froe sech wahrscheinlech vill Leit: Kritt den "e" en Trema? Et kritt keen, et brauch een den Trema net. Op Plaz zwee ass "ginn", op Plaz dräi "sinn". Wahrscheinlech d'Fro: wéi vill "n"? Bei de Substantiven, déi u sech manner gesicht goufen, do gëtt et och eng Hitparad. An do ass ganz uewen dat Wuert "Dag", also der Tag. Well Dag, fairerweis sief gesot, schonn zimlech komplizéiert ass, well et just een A an ee G kritt. Net ze verwiessele mat "Daach" (vun engem Haus). Wann ee just een A mécht, si mir bei dach ("Maach dat dach elo"). Schwieregt Wuert.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Lëtzebuerger Schreifweis
Permanente Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch

De permanente Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch gouf virun 20 Joer gegrënnt a setzt sech aus Benevollen zesummen. En Interview mat hirer neier Presidentin Myriam Welschbillig.

Marc Barthelemy
Lëtzebuerger Sprooch

D'Asbl Actioun Lëtzebuergesch freet, datt Verwaltungen ëmmer an där Sprooch äntweren, déi an enger Ufro benotzt gëtt. "Dat wier eng raisonnabel Demande", seet de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch op Nofro.

Marc Barthelemy
Lëtzebuerger Sprooch

Deen neie Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy plädéiert dofir, datt déi wichtegst Gesetzer op Lëtzebuergesch iwwersat ginn. Lëtzebuergesch soll och eng offiziell Sprooch vun der EU ginn.

Carole Schimmer Analys
Chamberwahlen 2018

D'Lëtzebuerger Sprooch als Integratiounsfacteur an d'Méisproochegkeet sinn an de Mëttelpunkt vum Wahlkampf geroden. Wéi stinn d'Parteien dozou, wat steet an hire Wahlprogrammer, a wat seet e Linguist?

Yves Cruchten a Fred Keup
Chamberwahlen 2018

Et géif haut net méi Lëtzebuergesch geschwat ginn, wéi virdrun, seet de Fred Keup. Den Yves Cruchten gesäit net, wat een zousätzlech kéint maachen, fir d'Sprooch ze promouvéieren.

Melanie Wagner
Lëtzebuerger Sprooch

D'Lëtzebuerger Sprooch géif schonn eng Zäit benotzt gi fir nationalistesch Revendicatiounen. Och d'Méisproochegkeet wier zu Lëtzebuerg historesch gewuess. Dat seet d'Soziolinguistin Melanie Wagner.

guy-arendt-claude-meisch.jpg
Lëtzebuergesch

Net vill Neies a keng definéiert Objektiver. Esou gesäit d'Oppositioun d'Strategie vun der Regierung fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch. Den Educatiounsminister weist d'Kritik vu sech.

Claude Meisch
Sproochendebat

De Claude Meisch huet d’Iddi relancéiert, fir d’Lëtzebuergesch als offiziell Sprooch op EU-Niveau unerkennen ze loossen. Donieft wëll hien d'Sprooch iwwer aner Weeër fërderen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen