Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Riding For The Feeling

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Lëtzebuerger Presenz am Irak ass eriwwer

Bagdad

D'Lëtzebuerger Presenz am Irak ass eriwwer

Virun 20 Joer hunn d'USA den Irak ugegraff. D'Offensiv vum 20. Mäerz 2003 gouf vum deemolegen US-President George W. Bush als Missioun fir d'irakesch Leit ze befreie beschriwwen, mee och fir dem Saddam Hussein seng Ënnerstëtzung fir den Terrorismus ze stoppen. Seng Massevernichtungswaffe sollten och fonnt an zerstéiert ginn. Där gouf et bekanntlech awer keng.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


20 Joer méi spéit sinn nach ëmmer auslännesch Truppen am Irak. An ënnert hinne ware bis viru Kuerzem och Lëtzebuerger.

Ongeféier 2500 Amerikanesch Zaldote sinn den Ament am Irak stationéiert. Genee Zuele gëtt et vum Pentagon keng. Et gesäit en des Amerikaner op de Stroossen awer net, ze geféierlech. Déi nämmlecht Reegel gelt fir d'NATO-Missioun. Just am Norden, am Kurdistan, kënnen auslännesch Truppen sech weisen.

Missioun am Irak

D'Amerikaner an d'NATO-Truppe sinn haaptsächlech am Irak fir déi irakesch Arméi ze trainéieren. Dat war op Ufro vun der Regierung zu Bagdad, no der Kreatioun an dem Virmarsch vun der Terror-Grupp vum Islamesche Staat. D'Amerikaner sinn also vun offizieller Säit wëllkomm. Eng Besatzungsmuecht sinn si net méi zënter 2011. Et war am Joer 2007 wou déi gréisst Zuel vun amerikaneschen Zaldoten am Irak stationéiert waren, et waren der 170,000.

Zanter dem Oktober 2018 gëtt et och eng NATO-Presenz am Irak. Dräi Lëtzebuerger ware bis elo mat an där Missioun am Irak, an dobäi bleift et och. Vu Mäerz bis Dezember lescht Joer gouf et dräi Rotatiounen, all Kéier en Ënneroffizéier. Si waren an der Green Zone zu Bagdad stationéiert, also am Deel vun der Haaptstad wou de Saddam Hussein seng Palaisen hat a wou d'Amerikaner hir Haaptquartéier no der Invasioun haten. Et war ëmmer eng administrativ Aarbecht fir d'Lëtzebuerger Militär.

Am Dezember huet also de leschte vu just dräi Lëtzebuerger den Irak verlooss. Lëtzebuerg huet en anere Rôle fonnt, an deen heescht Ukrain. E Member vun der Arméi kennt an Däitschland fir bei der europäescher Missioun fir d'ukrainesch Arméi ze trainéiere matzemaachen. D'Ukrain léist den Irak of.