arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lëtzebuerger Police kritt een Deontologie-Code

Gesellschaft

|
reading time

1 min

D'Lëtzebuerger Police kritt een Deontologie-Code

D'Police kritt een Deontologie-Code. Dat huet de Minister fir bannescht Sécherheet François Bausch, ugekënnegt. De Code gouf op Recommandatioun vum GRECO, dem Staate-Grupp vum Europarot géint Korruptioun, ausgeschafft, an Enn leschte Mount am Regierungsrot ugeholl.

reading time

1 min

De Code soll duerch eng Instruction de service vum Generaldirekter vun der Police a Kraaft trieden. Den Deontologie-Code soll schonn existent Wäerter verstäerken an all d'Member vun der Police betreffen. Viséiert sinn ënner anerem de Professionalismus, d'Integritéit an d'Onparteilechkeet vun der Police.

Eng Neierung ass de sougenannte Conseil confidentiel, deen d'Membere vun der Police kënne kréien, wat d'Applikatioun vum Deontologie-Code ugeet, sou de Police-Minister François Bausch. "Dat ass den Artikel 20. D'Protectioun vum lanceur d'alerte am Artikel 22. An d'Kontroll, déi duerch d'Inspection generale de la police assuréiert gëtt."

Bei Vertéiss géint den Deontolgie-Code kéinten disziplinaresch Moossname géint de Betraffenen ergraff ginn, onofhängeg vun eventuelle penale Suitten, esou nach de Minister.

Schutz fir Lanceurs d'alerte

Déi sougenannte Lanceurs d'alerte sollen an Zukunft protegéiert ginn, sou de François Bausch.

"Et ass wichteg, datt de Code virgesäit, datt kee Member vun der Police, deen a guddem Gewëssen e beruffleche Verstouss feststellt a mellt, datt deen dofir ka bestrooft ginn. Ech mengen, dat ass wichteg dat hei festzehalen, datt do keng Onkloerheeten hei bestinn."

De Code gouf op Recommandatioun vum GRECO, dem Staate-Grupp géint Korruptioun, ausgeschafft, an Enn leschte Mount am Regierungsrot ugeholl. E soll duerch eng Instruction de service vum Generaldirekter vun der Police a Kraaft trieden.