Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Charlotte Day Wilson - Canopy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lëtzebuerger Landwirtschaft steet ënner Drock

Duerch déi héich Dünger- a Kärepräisser

D'Lëtzebuerger Landwirtschaft steet ënner Drock

D'Kris an der Ukrain, déi héich Energie- an Düngerpräisser souwéi de Präisverfall, zum Beispill am Schwengssecteur maachen der Lëtzebuerger Landwirtschaft ze schafen. En Dënschdeg gouf et wéinst de Problemer vun de Schwengsziichter eng éischt Entrevue mam Landwirtschaftsminister, d'nächst Woch solle Gespréicher iwwer d'Problemer vum ganze Secteur gefouert ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Ënnert den héijen Energiepräisser leiden d'Baueren elo schonn, d'Onsécherheet um Marché fir Käre kënnt elo dobäi. Ëmmerhi produzéiere Russland an d'Ukrain bal en Drëttel vum ganze Weess um Weltmarché. Fir d'Versuergung zu Lëtzebuerg gesäit de Guy Feyder, President vun der Landwirtschaftskammer éischter mëttelfristeg Problemer.

Méi akut Problemer hätte momentan éischter Länner aus dem arabesche Raum a generell Länner, déi ofhängeg si vu Weessimporter aus der Ukrain an aus Russland.

D'Versuergung ass geséchert, mee d'Bauere schloen Alarm

Bei eis op de Felder gesäit een am Moment nach ëmmer ganz vill Mais als Fuddermëttel fir d'Fleeschproduktioun. Et misst ee sech iwwerleeën fir nees méi Weess unzebauen, seet de Christian Wester, President vun der Bauerenzentral. Déi meescht Kulturen am Land wieren awer Wanterkulturen déi haaptsächlech als Fudderbasis fir d'Rand genotzt géife ginn. Hie geet dovun aus, datt sech dat am Hierscht op d'Kärepräisser auswierke wäert.

D'Baueren hu schonn emol d'Alarmklack gelaut, fir si ass et essentiell, datt de Benefice net komplett vun de Produktiounspräiser opgefriess gëtt. D'nächst Woch soll de Bilan mam Landwirtschaftsminister gemaach ginn. Fir de Claude Haagen ass d'Versuergung zu Lëtzebuerg allefalls emol geséchert.

Groussen Impakt erwaart

D'Enkpäss beim Dünger a bei de Käre wäerten awer "riseg Impakter" hunn, sou de Landwirtschaftsminister. Virun allem Länner aus dem Noen Osten an Afrika misste sech laangfristeg Suerge maachen.

An de Mëttwoch de Mëtteg ass déi ganz Thematik och Sujet vun enger Aktualitéitsstonn an der Chamber, déi d'CSV ugefrot huet.