Radioen

On air

9 bis 1  |  King Tuff - Tell Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Lëtzebuerger Awunner sinn ëmmer manner gutt iwwert Kriibs informéiert

Lucienne Thommes

D'Lëtzebuerger Awunner sinn ëmmer manner gutt iwwert Kriibs informéiert

D'Fondation Cancer huet eng Ëmfro an Optrag ginn, fir de Wëssensstand vun de Leit a punkto Kriibs Bekämpfung ze préiwen. Vill Leit ignoréieren d'Symptomer, ass eng vun de Conclusiounen. 32 Prozent vun de Leit konnte spontan kee Kriibssymptom nennen, erkläert d'Direktesch vun der Fondation Cancer, d'Lucienne Thommes.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Am meeschte Suerge mécht sech d'Fondation Cancer datt 37 Prozent vun de Leit iwwer 65 Joer, déi am meeschte riskéiere Kriibs z'entwéckelen, keng Symptomer konnten nennen, ënnersträicht d'Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondatioun Cancer. Een Ënnerscheed géif et och tëscht Männer a Frae ginn.

"Männer wosste manner Bescheed. Dat ass u sech net gutt, well mir als Fraen si jo dru gewinnt fir méi dacks bei den Dokter ze goe fir dat iwwerpréiwen ze loossen a bei de Männer ass dat manner de Fall."

Fest verankert Meenungen iwwert Verierwe vu Kriibs

An der Ëmfro, déi d'ILRES am Optrag vun der Fondatioun realiséiert huet, goufen d'Leit gefrot, ob se der Meenung sinn, datt de Kriibs ka verierft ginn. Eng komplex Fro, betount d'Lucienne Thommes. Leit déi méi dacks dovun ausginn, datt ee Kriibs veriewbar ass, géife manner gutt gutt op sech oppassen a Preventioun bedreiwen.

"Dat ass e bësse geféierlech. Well eigentlech just tëscht fënnef bis zéng Prozent vun de Kriibsfäll effektiv ierflech sinn. Dat ass awer en Ënnerscheed par Rapport zu deene 46 Prozent vun deene Leit déi mengen et wier wierklech verierfbar."

Eegent Verhale gëtt ënnerschat

Vill Leit ënnerschätzen d'Effizienz vun der Preventioun am Kampf géint de Kriibs, betount d'Lucienne Thommes.

"Ech mengen et gesäit een ëmmer d'Geforen, déi vu bausse kommen, sief dat d'Ëmwelt oder soss aner Geforen, als méi grouss un ewéi säin eegent Verhalen."

Et kéint een awer scho ganz vill selwer maachen, fir säi Risiko ze senken u Kriibs ze erkranken. Ronn 40 Prozent vuzn de Kriibse kéinte verhënnert ginn, wann ee méi e gesonde Liewensstil hätt.

Manktem un Informatioun iwwert Effizienz vun HPV Impfung

Bei deene Jonke géif et och ee Manktem u Wësse bei der Preventioun vum Gebärmutterhalskriibs ginn, ënnersträicht d'Direktesch vun der Fondatioun Cancer.

"Dat ass dat wat ons am meeschte beonrouegt. Mir hu gefrot ob se géife mengen datt wann ee sech géint den HPV (Humanum Papillomavirus) géing impfe loossen, wat dat fir een Impakt huet am Kampf géint de Kriibs. An der Kategorie vun de 16 bis 24 Järeger wësse 27 Prozent datt dat effektiv Gebärmutterhalskriibs kann evitéieren. 22 Prozent mengen dat wier net wouer. 32 Prozent wëssen iwwerhaapt net Bescheed driwwer."