Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Beach Fossils - Run To The Moon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Leit soe Merci, verschiddener klappe souguer"

Corona-Kris

"D'Leit soe Merci, verschiddener klappe souguer"

De Julien, de Salvatore, de Jeff an de Zezinho sinn zesummen eng Ekipp, déi fir de Service d'hygiène vun der Stad Lëtzebuerg mam Dreckscamion fiert. Zanter de Spezialmesurë géint de Coronavirus huet sech hir Aarbecht nawell ferm verännert.

auto_stories

4 min

Dënschdes gëtt zu Märel an um Belair déi schwaarz Dreckskëscht ewech geholl. De Julien Ambrosius, de Salvatore Scalise, de Jeff Bertemes an de Zezihno Monteiro sinn eng vun den Ekippen, déi do ënnerwee sinn.

Moies um sechs Auer ass normalerweis groussen Depart vun allen Ekippen um Haff vum Hygiènesdéngscht op der Areler Strooss. Normalerweis - well de Moment ass hei, wéi an all Betrib, wéinst dem neie Coronavirus, alles e bëssen anescht, erkläert de Julien Ambrosius.

Nei Mesurë wéinst dem Coronavirus

Et géif ee probéiere fir esou wéineg Leit wéi méiglech beieneen ze hunn, all d'Ekippe géife sech op enger spezieller Plaz treffen. "Da fueren der zwee mam Camion mat, also de Chauffer an der Bäifuerer, déi aner zwee kréien en extra Auto a kommen dem Camion hannendru gefuer."

Iwwer dee Wee versicht den Hygiènesdéngscht seng Mataarbechter ze schützen. Obwuel Leit ausfalen, sief et well si Congé familial hunn oder well si selwer vulnerabel Leit ze versuergen hunn, assuréiert den Hygiènesdéngscht trotzdeem bis elo normal Tournéeë bei de Stéit. D'Aktivitéit wier awer zeréckgeschrauft ginn, erkläert de Jeff Bertemes. Verschidde Servicer, wéi zum Beispill de Sperrmüll, géifen den Ament net funktionéieren.

Speziell Schutzkleedung huet d'Ekipp wéinst dem Virus net un, seet de Julien Ambrosius. Si géifen déi ganzen Zäit Händschen un hunn, "dat mécht also kee groussen Ënnerscheed". Nei wier, datt all Camion e Bidon Waasser a Seef hätt, fir sech d'Hänn no der Tournée ze wäschen.

Trotz Corona-Kris: dat schéint Wieder motivéiert

Och soss verleeft den Tour net wéi gewinnt: wéinst de Sécherheetsmesurë muss de Chauffer de Camion eleng austippe goen, déi aner maachen an där Zäit eng Paus. Ongeféier eng Dräivéierelsstonn ass de Camion vu Märel ënnerwee bis op Leideleng op d'Sidor an zeréck, souzesoe Chômage technique um Tour.

Well alles zou ass, kann een néierens eragoe fir eng Taass Kaffi. Well et déi lescht sechs Méint um Stéck gereent hätt, a si déi ganzen Zäit naass a kal waren, fënnt de Jeff Bertemes dat schéint Wieder immens motivant, trotz der Corona-Kris. "Et ass just schued, datt mir duerno doheem musse bleiwen."

D'Leit bleiwe méi doheem

"Bleift doheem", seet d'Regierung de Leit ëmmer nees, d'Restauranten an d'Caféë sinn zou. Da muss een doheem kachen an doheem drénken. Datt d'Leit dat och maachen, mierkt een un hire Poubellen, seet de Jeff Bertemes, well déi fir déi nei Situatioun net grouss genuch sinn. "D'Kiwwele si méi schwéier an et gi méi Tute bei der Gemeng kaaft, déi bäi d'Dreckskëscht gestallt ginn."

Bei de Firme géif een allerdéngs mierken, datt manner oder guer keng Dreckskëschte virun der Dier stinn.

"D'Leit sinn den Ament super"

Datt déi aner Leit sollen doheem bleiwen, kënnt den Ekippe vum Hygiènesdéngscht awer entgéint: virun allem, well manner Verkéier ass, seet de Jeff Bertemes. "Et hëlt eis ganz vill Stress ewech, wann net vill Trafic ass, vu datt mir jo net ëmmer gutt bei eise Matbierger ugesi sinn."

Dat confirméiert och de Julien Ambrosius. Hien mécht säi Beruff gär a mécht dat jo och net fir näischt, betount hien. Et wier awer net ëmmer einfach, grad wéinst dem Verkéier. "Mir ginn awer och dacks reegelrecht vernannt", zielt hien. "An elo mierks de einfach, d'Leit si ganz fein op eemol. Och wann en Auto hanner eis steet, et ass keen, deen tut."

Iwwerhaapt hätt sech d'Astellung vun de Leit, vis-à-vis vun deenen, déi hir Poubelle eidel maache kommen, geännert, erzielt de Julien Ambrosius.

"Si soe Merci, verschiddener klappe souguer. Oder mir kréie Merci op d'Poubelle geschriwwe vun de Kanner. Ech wëll net soen, datt virdru keen eis appreciéiert huet. Do ware scho Leit dotëscht. Mee et fält der lo wierklech op, well et der vill vill méi sinn."

De Jeff Bertemes ass averstanen, d'Leit wieren de Moment "super":

"De Moien hu mir nach eng Fra op der Fënster gesinn, si huet eis d'Daumen héich gehalen, si huet eis Kusse geschéckt. Dat ass eppes, wat mir am Fong ni gesinn. Ech sinn elo dräi Joer an deem Beruff hei an ausser Respektlosegkeet kréie mir net vill vun de Leit ze spieren. Dat heescht, et ass scho schéin, datt d'Leit eis emol mat aneren Ae gesinn."