Impfcampagne D'Leit doheem impfen
Fir eng Rei Leit vu méi wéi 75 Joer ass et aus gesondheetleche Grënn momentan net méiglech, an ee Centre de vaccination ze goen.
Ënner de Cliente vum Réseau Help wieren an de leschten zwou Woche jeeweils eng hallef Dose Leit gewiescht, déi wéinst hirem Gesondheetszoustand net konnte geimpft ginn. Nach wier een am Gaangen déi Zuele genee opzebereede fir d'Santé genee doriwwer ze informéieren.
D'Directrice vum Services Aides et soins vum Roude Kräiz plädéiert dofir eng aner Léisung ze proposéieren: zB eng Impfung doheem. Dat wier och eng vun den Iddien, déi den Ament diskutéiert ginn, esou d'Catherine Gapenne.
Eng grouss Impfbereetschaft bei Cliente vum Réseau Help
Wéi vill vun hire ronn 1.200 Mataarbechter sech impfe gelooss hätten, wéisst si net, seet d'Catherine Gapenne. D'Directrice vum Service Aides et soins vum Roude Kräiz - dem gréisste Member vum Réseau Help - huet erkläert, datt d'Leit vum Personal individuell vun der Santé invitéiert goufen.
Als Patron hätt si keng Informatioun krut, wien iwwerhaapt geruff gouf a wie positiv op d'Aluedung reagéiert hätt: "Je pense que l'acte de vaccination est un acte individuell, et je respecte cette position."
Bei de Cliente vum Réseau Help hätt si awer den Androck, datt d'Impfbereetschaft ganz grouss wier.