Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Léisunge si scho laang do"

Klimawandel

"D'Léisunge si scho laang do"

De Klimafuerscher Mojib Latif warnt virun den extreme Konsequenze vun der Äerderwäermung fir de Mënsch an d'Ecosystemer. D'Politik misst de Kader setzen, fir datt Klimaschutz sech economesch lount.

auto_stories

5 min

De Meteorolog a Klimafuerscher Mojib Latif ass Professer um Geomar Helmholtz-Zentrum fir Ozeanfuerschung. Nieft senge wësseschaftleche Publikatiounen, schreift hien och Bicher, déi sech un ee breede Publikum adresséieren. Säin Zil ass et, fir d'Leit mat wësseschaftleche Fakten vun der Drénglechkeet vum Klimaproblem z'iwwerzeegen.

D'Wësseschaft wier eng onofhängeg Institutioun:

"Mir Wëssenschaftler hu keng eegen Interessien. Bal jidderee soss huet eegen Interessien. Dowéinst seet de Poopst och, datt d'Wëssenschaft d'Stëmm vun der Natur ass, op déi ee lauschtere soll."

Méi Zäregasen an der Atmosphär

D'Hausse vun der CO2-Konzentratioun ass zënter 1880 vun 280 Deeler pro Millioun op elo scho bal 420 Deeler pro Millioun geklommen.

Wat am Industriezäitalter geschitt ass, wier vum Ausmooss an der Vitesse hir eemoleg am Verglach zu de leschten 800.000 Joer, erkläert de Mojib Latif. Fir deen Zäitraum ginn et Mossunge vum CO2-Gehalt an der Loft, déi ee mat Buerungen am Polaräis konnt maachen.

Pandemie ännert näischt um Trend

Déi weltwäit Lockdowns wéinst der Corona-Pandemie hätten iwwerdeems näischt um Trend geännert. Och wa fënnef bis 10 Prozent manner Zäregasen emettéiert gi wieren ewéi d'Joer virdrun, da wieren eben trotzdem nei Emissioune bäikomm:

"Wat mir elo gesinn, ass d'Dimensioun vum Defi virun deem mir elo stinn. Well mir missten all Joers Reduktiounen an där dote Gréisstenuerdnung hunn. Eemol geet net duer, mee et muss konstant sinn. Bis mir dann 2050 ongeféier klimaneutral sinn."

Global Duerchschnëttstemperatur klëmmt

Zënter d'Mënschheet ugefaangen huet massiv fossil Energiequellen ze verbrennen ass déi global Duerchschnëttstemperatur ëm bëssi méi wéi ee Grad Celsius geklommen. Geet den Trend vun den Zäregasemissiounen esou weider ewéi bis elo, da kéinten et bis Enn vum 21. Joerhonnert an der Moyenne véier Grad méi waarm sinn op der Äerd.

Dat wier eng méi staark Erwäermung, ewéi tëscht der leschter Äiszäit an der aktueller Waarmzäit, esou de Klimafuerscher. An déi Verännerung hätt deemools iwwer 10.000 Joer gedauert.

Vu Mënsche veruersaacht

Modellrechnungen hätten déi aktuell Temperaturentwécklung scho viru Joerzéngten zimlech exakt prognostizéiert, esou de Mojib Latif.

Op Basis vun ëmmer méi performante Computermodeller kéint ee mat grousser Zouverlässlechkeet weisen, datt déi natierlech Klimaschwankungen net d'Uersaach fir déi aktuell Entwécklunge sinn. Responsabel fir d'Äerderwäermung wier deemno ouni Zweifel de Mënsch.

Grenze vun der Upassung

Mee kann d'Mënschheet sech dann net einfach un d'Äerderwäermung upassen? De Mojib Latif ass skeptesch:

"Et gi Grenze vun der Upassung. An dat einfachst Beispill ass d'Hausse vum Mieresspigel. Iergendwa kann een d'Diguen net méi héich bauen. Verschidden Inselstaate wäerten einfach verschwannen".

Wann déi global Duerchschnëttstemperatur ëm véier Grad klëmmt, wier och mat neie Rekordtemperaturen op der Äerd ze rechnen, déi et zënter Millioune Joren esou net gouf. An un déi de Mënsch an d'Ecosystemer sech schwéier kéinten upassen. Notamment hätt schonn elo een neit Waldstierwen agesat.

Schonn elo: Enorme Schued

Et wier net ëmmer méiglech, eenzel extrem Wiederphänomener direkt op de Klimawandel zréck ze féieren, esou de Mojib Latif. Mee d'Heefegkeet, d'Intensitéit an d'Wahrscheinlechkeet vun esou Phänomener kéinte statistesch mat der Äerderwäermung a Verbindung bruecht ginn.

Eleng ee Réckbléck op d'Joer 2020 géif weisen, wéi vill Schued a Käschten de Klimawandel mat sech bréngt. De Mojib Latif ass am Interview op eng ganz Rei Beispiller agaangen:

  • D'Bëschbränn am Weste vun den USA: "Déi gréisste Bränn, déi et do jee gouf. Eng Dréchent, déi et nach ni gouf"
  • Eng Zort Hurricane am Weste vu Griicheland: "D'Mëttelmier huet sech massiv opgewiermt an de leschte Joerzéngten. Dowéinst muss ee fäerten, datt et esou Hurricane-ähnlech Stierm kéint ginn (...), déi eng enorm Zerstéierungskraaft kënnen hunn."
  • An Europa war et eent vun de wäermste Joren zënter Ufank vun de Moossungen 1880
  • An der russescher Arktis goufen nei Rekordtemperature vu bis zu 38 Grad Celsius gemooss
  • An Däitschland gouf et elo dräi Joer hannerteneen op ville Plazen eng extrem Dréchent: "Sou eppes hate mir nach ni bannent de leschten honnert Joer"

Plaidoyer fir een CO2-Präis

De Mojib Latif ass iwwerzeegt, datt déi technologesch Léisunge fir de Klimaschutz do sinn, respektiv séier genuch kënne fonnt ginn. "Et muss ee just wëllen", seet hien a mengt: D'Politik misst de Kader anescht setzen.

Ënner den aktuelle Conditioune géif sech Klimaschutz fir Betriber net lounen, well se d'Käschte déi duerch d'Äerderwäermung entstinn, op d'Allgemengheet ofwälze kënnen.

Dowéinst misst et een CO2-Präiss ginn, am Beschten op globalem Niveau, sou d'Aschätzung vum Mojib Latif. An Däitschland hätt eng Hausse vom CO2-Präis op 25 Euro d'Tonn zejoert eng däitlech Reduktioun vun den Emissiounen am Energie- an Industriesecteur mat sech bruecht.

De Mojib Latif verweist op Berechnunge vum däitschen "Umweltbundesamt", datt ee Präis vun 180 Euro fir d'Tonn CO2 all d'Käschte géif ofdecken: "An deem Moment, wou et sou eppes ewéi ee reelle Präiss gëtt, géifen d'Saache sech vun alleng regelen." (Zu Lëtzebuerg huet d'Regierung d'Aféiere vun enger CO2-Steier am Joer 2021 an Héicht vun 20 Euro pro Tonn annoncéiert.)

D'Recettë vun enger Steier um Ausstouss vu Kuelendioxid dierften awer net einfach am Staatsbudget verschwannen. Dës Sue missten no sozialen an ecologesche Critèren nees un d'Leit an d'Betriber zréck verdeelt ginn. Hie kéint sech eng Klimaprime vun 200 oder 300 Euro d'Joer virstellen, déi d'Leit géife kréien - a wat se sech méi klimafrëndlech verhalen, wat se méi dovunner kënnen halen.