Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Land ass anescht, wéi viru véier Joer"

Etat de la Nation

"D'Land ass anescht, wéi viru véier Joer"

A senger Deklaratioun huet de Premier Xavier Bettel virun allem e Bilan vun der Regierungsaarbecht zanter 2013 gezunn. Den DP-Politiker huet besonnesch d'Situatioun vun de Staatsfinanzen a vun den Investitiounen ervirgehuewen.

auto_stories

5 min

Beim Zentralstaat gouf et 2017 een Defizit vun 220 Milliounen Euro. Dat ass wäit ënnert deem Montant, vun deem een ausgaange war. Deemools ass vun enger Milliard Euro geschwat ginn. Beim Gesamtstaat gouf et d'lescht Joer een Iwwerschoss vun 858 Milliounen Euro. D'Staatsschold louch bei 23 Prozent vum PIB.

Dëst ass sécherlech ee Resultat vun der gënschteger Wirtschaftskonjunktur. De Premier Xavier Bettel huet dat an der Deklaratioun virun allem als Succès vu senger Regierung verkaf:

"Ech deelen och eng grondsätzlech Vue mat mengem Virgänger am Staatsministère. Ech zitéieren: 'iwwer Prognose fir déi nächst Jore kann ee streiden. D'Resultat vun deene leschte Joren ass dat wat et ass.' Bei de Staatsfinanzen ass dat Resultat objektiv positiv."

De Xavier Bettel huet och d'Investitioune vu senger Regierung ervirgehuewen: Ënnert anerem déi an d'Mobilitéit, an d'Fuerschung, an d'Kannerbetreiung.

Congé parental a Schoulsystem

Als éischt ënnert de fir hie wichtege Reformen, déi d'Dräierkoalitioun Opweises hätt, huet de Premier de Congé parental genannt. D'Zuel vun den Demandë wier 2017 ëm 70 Prozent an d'Luucht gaangen am Verglach mam Joer virdrun.

De Schoulsystem wier, dem Xavier Bettel no, an deene leschte Jore verbessert ginn:

"Déi wichteg an dréngend noutwendeg Etappe si gemaach, a fir déi nächst Joren ass eng Prämiss eiser Meenung no zentral: dat ass, datt mer rou behalen an den Enseignanten Zäit gi fir sech op d'Kanner och kënnen ze konzentréieren."

Nei Firmen op Lëtzebuerg gelackelt

An der Wirtschaftspolitik wier et der Regierung gelongen, nei Firmen op Lëtzebuerg ze zéien an aler ze fideliséieren, grad ewéi Akzenter bei der Diversifikatioun vun der Wirtschaft, ënnert anerem am Beräich vun der Weltraumtechnologien, ze setzen.

D'Lëtzebuerger Ekonomie géif dréinen, an dat kéim och de Leit direkt ze gutt: An dëser Legislatur wier de Chômagetaux vu 7,1 op 5,7 Prozent gefall.

Logement war bal keen Thema

Wat awer besonnesch an der Ried opgefall ass: Iwwert de Logement, een DP-Ministère, huet de Premierminister esou gutt ewéi net geschwat. Viregte Regierunge wollt hien elo net onbedéngt virgeheien, se hätte versot, mee d'Ursaache fir d'Penurie um Wunnengsmaart, grad ewéi vun de Problemer am Verkéier, huet de Xavier Bettel an der Vergaangenheet gesicht:

"Et war viru 15 a virun zéng Joer verpasst ginn, d'Wanterpneuen opzeleeën an d'Luuchten unzemaachen, fir datt een och eppes gesäit. An deene leschte Joren ass awer genee dat geschitt. Mir hunn investéiert an investéiere weider fir eis esou z'equipéieren, datt mer gesond, sécher an och zefridde kënne weiderfueren."

"Lëtzebuerg ass kärgesond"

"Eist Land ass haut anescht wéi viru véier Joer an dat ass gutt esou", esou d'Conclusioun vum Premier senger Ried an der Chamber. Lëtzebuerg wier kärgesond a gutt fir d'Zukunft opgestallt, huet de Xavier Bettel gesot. An d'Entwécklung misst weider goen, well ee Fortschrëtt an net Stëllstand bräicht.

De Begrëff "Zukunft" ass 14 Mol an der Regierungsdeklaratioun virkomm. De Xavier Bettel huet och d'Zäit virun de Chamberwahle vum 14. Oktober ugeschwat. An deem Kontext huet hien d'Géigesätz vum "Lëtzebuerger Erfollegsmodell" beschriwwen. Hei e Beispill:

"Mir sinn ech Land wou Lëtzebuergesch geschwat gëtt, mee mir sinn och méisproocheg. Dat eent schléisst dat anert net aus. A mir dierfen net acceptéieren, dass verschidde Leit probéieren engem ze gleewen, datt dat eent dat anert ausschléisst. Et ass eis Stäerkt. A komm mir maachen eis Stäerke selwer net futti wéinst Populismus."

Wéineg Ukënnegungen

Konkret ugekënnegt gouf an der Regierungsdeklaratioun wéineg. Eng Ausnam waren am Kapitel iwwert d'Reform vum Congé parental, méiglech nei Aarbechtszäitmodeller. De Premier huet vun enger "realistescher a finanzéierbarer Erausfuerderung" geschwat:

"De Staat soll d'Viraussetzunge schafen, dass Betriber a Salariéeë sech besser op nei Aarbechtszäitmodeller kënnen eenegen. Mir wëllen e gesetzleche Kader schafen, deen et erlaabt, dass jonk Mammen a Pappe kënnen hiren Alldag esou vill wéi méiglech mat hire Kanner verbréngen ouni dass dat op Käschte vun hire beruffleche Perspektive geet oder op d'Käschte vun der Produktivitéit vum Betrib."

"Digitalisatioun ass eng Opportunitéit"

Bei den technologesche Changementer an den nächste Jore géif et ëm d'Souveränitéit vum Land goen, huet de Xavier Bettel a senger Ried gewarnt. Lëtzebuerg misst sech drop konzentréiere fir selwer ze bestëmmen an an d'Entwécklung vun neie Beräicher z'investéieren.

"D'Digitalisatioun ass eng Opportunitéit an et musse verstäerkt Budgete fräi gemaach ginn, fir d'Recherche an d'Entwécklung vun neien Technologien. Lëtzebuerg soll e Virbild an Europa ginn. An och nëmmen esou kënne mer d'Gefore mat Zäiten erkennen an d'Méiglechkeete fir eis notzen."

Esch2022 mat aller Kraaft ënnerstëtzen

Mam Projet Esch-Uelzecht - Europäesch Kulturhaaptstad 2022 wäert Lëtzebuerg an den nächste Joren op een neits am Mëttelpunkt stoen, huet de Premier- a Kulturminister Xavier Bettel ugekënnegt.

D'Regierung wéilt de Projet mat aller Kraaft ënnerstëtzen, an et wier wichteg, datt no vir gekuckt géif ginn, an datt net just un engem Strang géif gezu ginn, mee och an déi selwecht Richtung. Hie wéilt alles maache wat néideg ass, fir datt dëse Projet e Succès gëtt, esou de Xavier Bettel.


De Michel Delage iwwer de Réckbléck an der Ried zur Lag vun der Natioun:

Lauschterenplay_arrow

De Serge Kesseler iwwert den Ausbléck an der Ried zur Lag vun der Natioun:

Lauschterenplay_arrow