Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lag an der Ukrain

Russesch Truppepresenz

D'Lag an der Ukrain

An der Ukrain geet d'Tensioun weider wéinst der massiver russescher Truppen-Presenz op der Grenz. Et fäert ee weider eng Incursioun oder esouguer eng Invasioun vun der Ukrain mee bis elo bleift et roueg. Um diplomatesche Plang ginn d'Diskussioune weider, an den UNO-Sécherheetsrot soll sech haut och mam Thema beschäftegen.

auto_stories

2 min

D'Diskussioune gi weider tëscht der Ukrain an den USA, an der Europäescher Unioun. Et gëtt och Kommunikatioun tëscht den USA a Russland.

Mee vum russesche President Vladimir Putin huet een näischt méi héieren, zënter deem d'USA an d'NATO him kloer gesot hunn, datt si him net dat ginn, wat hie wëllt. Dat wier e Verspriechen, d'Ukrain ni an d'NATO opzehuelen, an hir d'NATO-Truppen an hir Waffe vun Ost-Europa a vun der Grenz mat Russland ofzezéien.

Et ass am Endeffekt de Putin, deen entscheede wäert, wat hei an der Ukrain déi nächst Deeg a Woche geschitt.

Versuch, en diplomatesche Wee aus der Kris ze fannen

D'USA hunn zu New York eng Reunioun vum UNO-Sécherheetsrot ugefrot. Eng Diskussioun, déi Russland als permanente Member net wëllt, a wou all Resolutioun vun hinnen a vu China e Veto géif kréien.

Déi amerikanesch Ambassadrice op der UNO, d'Linda Thomas-Greenfield, seet um amerikanesche Fernseesender ABC, datt d'Eskalatioun weider géif goen - trotz hirem Versuch, en diplomatesche Versuch ze fannen a si ze encouragéieren fir ze deseskaléieren. Ee vun de Grënn fir dës Reunioun, seet si, wier et, en diplomatesche Wee aus der Kris fir d'Russen ze fannen.

De brittesche Premier Boris Johnson gëtt des Woch an Ost-Europa erwaart - mat vläicht och engem Ofstiecher zu Kiew, wou den ukrainesche President Volodymyr Zelensky probéiert eng Panik ze stoppen, wéi hien a sengen eegene Wierder seet. Et wieren d'USA haaptsächlech, déi mat hire Warnunge vun enger Invasioun Angscht maachen.

Experten halen Ugrëff an der Donbas-Géigend probabel

Zu Kiew ass et roueg. D'Liewe geet weider, mee et ass ee sech bewosst, datt d'Grenz mat Wäissrussland, wou russesch Truppen a Waffen och elo a groussen Zuele stationéiert sinn, mat ronn 100 Kilometer net wäit fort ass.

En Ugrëff am Osten an der Donbas-Géigend wier probabel, soen d'Experten, do wou zënter 2014 scho Krich ass a wou d'Russen déi pro-russesch Rebellen ënnerstëtzen.

Iwwer 14.000 Leit sinn an deem Krich scho gestuerwen. Mat där Realitéit géif een elo liewen. Kiew ass wäit ewech vum Osten, mee och hei froen sech d'Leit, wéi en Ugrëff vu Russland géif ausgesinn.

Ee Plang vun de Bunkeren, eigentlech éischter Kelleren a Metro-Statiounen, wou ee sech a Sécherheet kéint bréngen, gëtt et schonn zanter leschtem Joer.