Radioen

On air

Notturno  |  Babeheaven - The Hours

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Chefdiplomat: Lag am Belarus méi schlëmm wéi jee virdrun

Lukaschenko-Regime

EU-Chefdiplomat: Lag am Belarus méi schlëmm wéi jee virdrun

Um drëtte Gebuertsdag vun de Walen am Belarus verurteelt de Josep Borrell d'Situatioun vun de Mënscherechter am Land an och d'Komplicitéit vum Lukaschenko-Regime mat Russland am Krich géint d'Ukrain schaarf verurteelt. Polen an déi baltesch Länner hunn annoncéiert, hir Grenz mam Belarus besser ze protegéieren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

De 9. August 2020 gouf am Belarus gewielt, den Alexander Lukaschenko huet sech op deem Dag selwer als Gewënner vun deene Walen deklaréiert. Et koum virdrun an dono zu groussen Demonstratiounen, déi deels brutal niddergeschloe goufen.

Repressioun gouf verstäerkt

Dräi Joer dono wier d'Situatioun fir déi, déi sech kritesch par Rapport zum Regime äussere méi schlëmm wéi jee virdrun, betount den EU-Chefdiplomat Josep Borrell an engem Statement.

Aktuell géif et bal 1.500 politesch Prisonéier ginn, sot en Dënschdeg de Kommissiounsspriecher Peter Stano virun der Press.

"Si ginn ënnert schreckleche Konditioune festgehalen, si Mësshandlungen a Folter ausgesat, ouni Accès op gesondheetlech Servicer. Et gëtt och Leit, déi am Prisong stierwen."

D'Situatioun op de Grenzen tëscht Belarus an der EU spëtzt sech zou

Polen an déi baltesch Länner bekloe sech doriwwer, datt Belarus op der Grenz bewosst illegal Migranten iwwer d'Grenz léisst. Wéinst provokanten Truppeverleeungen a Militärübungen hate Polen a Litauen déi lescht Woch annoncéiert, d'Protektioun op hire Grenzen ze verstäerken.

Et wier awer keng Iwwerraschung, datt de Lukaschenko-Regime sech un all Zort vu Provokatioune bedeelegt, déi Russland proposéiert, erkläert de Kommissiounsspriecher.

"Dës Übunge stinn am Kontext mat de russesche Versich, Stäerkt par Rapport zum Noper ze demonstréieren an ze weisen, datt d'Land d'Kapazitéiten huet, mat sengen illegalen Aktioune géint d'Ukrain virunzefueren."

EU huet 7 Sanktiounspäck géint Belarus decidéiert

Eréischt déi lescht Woch hat d'EU nei Sanktioune géint Belarus decidéiert. Dat war de siwente Sanktiounspak. Zu de Mesurë gehéiert een Exportverbuet géint Technologien, déi zum Beispill bei Dronen agesat ginn. Dernieft ass an Zukunft och de Verkaf an d'Liwwerung aus der EU vu Schosswaffen a Munitioun verbueden.

Ob d'EU iwwer weider Sanktiounen nodenkt, gouf en Dënschdeg net vun der Kommissioun kommentéiert. D'Diskussiounen doriwwer wiere confidentiel, erkläert de Spriecher vun der Europäescher Kommissioun.