Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Kollektivverträg ginn net touchéiert"

Europäesche Mindestloun

"D'Kollektivverträg ginn net touchéiert"

De Projet ass vun engem europäesche Mindestloun ass net einfach. Et gëtt net nëmme Skepsis bei den Entreprisen, och d'Gewerkschafte sinn net iwwerall an Europa begeeschtert vun där Iddi. D'Angscht, datt d'Salariéen a verschiddene Länner kéinten dono Nodeeler hunn ass net berechtegt, seet den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, den Nicolas Schmit.

auto_stories

3 min

Den Nicolas Schmit ass zanter Dezember de Lëtzebuerger EU-Kommissär. Foto: EU / Abdesslam Mirdass

Mol net 300 Euro de Mount a Bulgarien an eppes iwwer 2.000 Euro zu Lëtzebuerg: sou wäit läit de Mindestloun an der Europäescher Unioun auserneen. D'Europäesch Kommissioun wëllt dofir suergen, datt déi Ënnerscheeder méi kleng ginn.

D'Zil vum europäesche Mindestloun ass et awer net, een eenheetleche Mindestloun fir d'ganz EU anzeféieren. Et soll vill méi ee Kader gesat ginn. Eng Iddi ass et, datt 60 Prozent vun der Moyenne vum nationalen Akommes als Minimum fir een Akommes gëlle soll.

"Et ass awer nach net sécher, ob dës Iddi um Enn zeréckbehale gëtt", seet den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, den Nicolas Schmit. Déi Länner mat engem besonnesch nidderegen Mindestloun erfëllen dee Krittär nämlech schonn. Zil wier awer eng progressiv Konvergenz vun de Mindestléin an Europa. "Dowéinst kéint esou ee Seuil net deen eenzege Krittär sinn", sou den Nicolas Schmit.

Keng grouss Ännerungen zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg hätt bei esou engem Projet net mat groussen Ännerungen ze rechnen, sou de Nicolas Schmit:

"Sécher ass d'Fixatioun vum Mindestloun, bei eis ass dat relativ automatesch an et ass haaptsächlech d'Regierung eleng, déi dat am Endeffekt decidéiert. Do kéint ee gesinn, datt d'Sozialpartner ee Wuert matschwätzen. Mir wëllen de Sozialdialog méi breet maachen. Mir schwätze jo net nëmmen iwwer de Mindestloun, mir wëllen och d'Kollektivvertragswiesen, dat wat tëschent Employeuren a Gewerkschaften ausgehandelt gëtt, stäerken. Do kann ee gesinn, datt och zu Lëtzebuerg eng Marge gëtt, fir dat besser ze maachen."

Oppositioun aus skandinavesche Länner

D'Kommissioun lancéiert vun dëser Woch un eng Consultatioun mat de Sozialpartner. Déi kéint deels schwiereg ginn. Well esou guer déi, déi soss fir de Prinzip vum Mindestloun kämpfen, nämlech d'Gewerkschaften, sinn net iwwerall an Europa begeeschtert vum aktuelle Projet.

A Schweden gouf déi lescht Wochen schonn hëtzeg debattéiert. Och Dänemark a Finnland fäerten, datt hire System, deen op Kollektivverträg baséiert, kéint geschwächt ginn. D'Gewerkschaften gesinn de Risiko, datt d'Paien duerch esou een europäesche Mindestloun kéinten erofgoen.

"Ech gesinn dee Problem net esou direkt", seet dozou den Nicolas Schmit. "Ech war a Schweden an hunn esouwuel de Gewerkschaften wéi och der Regierung d'Garantie ginn, datt hire gudde System vun den Kollektivverträg, dee mir jo eigentlech promovéiere wëllen, vun eiser Propos net touchéiert gëtt." Iwwerdeems hätten och Länner wéi Schweden een Interêt drun, datt d'Léin an Europa méi ausgeglach ginn.

Juristesch Basis nach net gekläert

D'Patrone sinn och net onbedéngt frou mat der Iddi vun engem europäesche Mindestloun. Business Europe, een Daachverband vun Entreprisë seet, d'EU géif hei hir Kompetenzen, sou wéi se an den Traitée festgeschriwwe sinn, depasséieren.

"Hei soll ee Kader definéiert ginn, an deem d'Länner hire Mindestloun fixéieren", äntwert dorop den Nicolas Schmit. Dat géif an de Kontext vun den Aarbechtskonditioune falen, an heifir géif et eng legal Basis ginn. Allerdéngs wier déi juristesch Basis vu senger Propos nach net gekläert, do misst een drop lauschteren, wat d'Sozialpartner ze soen hunn.

Bannent 100 Deeg sollt d'Propos fir een europäesche Mindestloun um Dësch leien. Dat war de Wonsch vun der neier Cheffin vun der Europäescher Kommissioun, der Ursula von der Leyen. Ee legislativen Text léich fréistens am September vir, huet den Nicolas Schmit gëschter zu Stroossbuerg preziséiert.

Lauschtert dee ganzen Interview mam Nicolas Schmit


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.