Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Reyna Tropical - Cartagena

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Klimaprotester: Verlugen a schäinhelleg?

Fräie Mikro

D'Klimaprotester: Verlugen a schäinhelleg?

"D'Klimaprotester sinn dach verlugen a schäinhelleg.", "Wie fir Klimaschutz demonstréiert, soll sech dach gefällegst selwer als éischt aschränken." Esou Spréch héiert een ëmmer nees, wa Jonker sech fir méi Klimaschutz asetzen. Wien esou argumentéiert, huet näischt verstanen, fënnt de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker. Beim Klimaschutz géif et net drëms goen, perfekt ze sinn an asketesch ze liewen, mee ëm strukturell Verännerungen.

auto_stories

3 min

De Bob Reuter ass President vun AHA Lëtzebuerg, der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker. Foto: Archiv

Beim Theema Klimaschutz a Klimaprotester huet een dacks d'Gefill, et géif ëm reliéis Streidereie goen. Dobäi geet et net drëms, fënnt de Florian Aigner, Physiker an Auteur, wie sech selwer am meeschte quäält, wien am meeschte verzicht, respektiv wien am mannste "sënnegt".

Et geet net drëms, wie wéi vill Klima-Moral-Punkte sammelt. Klimaschutz heescht net jiddweree muss alt e bëssi verzichten. Et heescht: mir brauche wëssenschaftsbaséiert, wierksam Moossnamen, fir dauerhaft eng héich Liewensqualitéit ze sécheren.

Méi wéi just de perséinleche Verzicht

Dat individualistescht Argument vum perséinlechen CO2-Foussofdrock, fir deen anscheinend jiddweree selwer verantwortlech (oder schold) wier, ass ierféierend. Natierlech ass et gutt, wa jiddwereen individuell oppasst fir klimaschiedlech Handlungen ze evitéieren.

Awer dat ass net dat wat entscheedend ass. Entscheedend sinn déi Saachen, déi net mol an der Hand vum Individuum léien: d'Dekarboniséierung vun der Stroumversuergung, vum Hëtzen a vun der Mobilitéit, Alternative fir Bëtong a fir Gas an der Industrie. Sech dofir asetze bréngt weesentlech méi wéi perséinleche Verzicht.

Klimaschutz an eng héich Liewensqualitéit

Beim Klimaschutz geet et, dem Florian Aigner no, net drëms sech ze kasteien a seng Bedierfnesser zeréckzeschrauwen, fir dann als Belounung sech als "gudde Mënsch" ze fillen an déi aner mat erhuewenem Fanger kënnen ze beléieren. Dat wier eng domm Karikatur vu Klimaschützer an déi war ni passend.

Et muss drëms goen, fir Klimaschutz ze verbanne mat enger héijer Liewensqualitéit. Dat geléngt eis awer nëmme wann eng klimafrëndlech Liewensweis sech global duerchsetzt.

Klimakäschte mat aberechnen

Natierlech wäert de Klimaschutz eis net geléngen ouni op gewëss Saachen ze verzichten. Verschidde Saache kéinten effektiv immens deier ginn, wann - endlech - all d'Klimakäschte matagerechent ginn.

Dat bedeit awer net, datt eis Liewensqualitéit insgesamt leide muss. Et kann natierlech och Virdeeler hunn an zu méi Liewensqualitéit féieren, wa mer op gewëss Saache verzichten.

Ech verzichte gären drop, mam Auto an een Akafszentrum fueren ze mussen, wou ech am Stau stinn, amplaz ze Fouss kënnen akafen ze goen.

Eng klimafrëndlech Politik

Fir déi schlëmmste Konsequenze vum Klimawandel ze evitéieren, brauche mer keng fromm Befeeler, brav ze sinn an eis Klimasënnen ze bereien. Mir brauchen eng Politik, déi eis ee gutt a klimafrëndlecht Liewen erlaabt ze féieren.

Et ass total irrational, Léit dofir ze kritiséieren, dass si kee perfekt virbildlech klimaneutraalt Liewe féieren, wa grad déi Léit eis drop opmierksam maachen, dass een haut kee perfekt virbildlech klimaneutraalt Liewe féiere kann. Mir mussen, zesummen, dës Méiglechkeeten als éischt schafen an da wäerte mer se all notzen.


Mam Zil déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.