Sträit tëschent der FLF an der LFL D'Karine Reuter hofft op eng konstruktiv Zesummenaarbecht

Déi nei Presidentin vun der Lëtzebuerger Football Ligue Karine Reuter geet dovun aus, datt de Sträit tëschent de Veräiner aus der ieweschter Divisioun an der Federatioun op enger Reunioun den nächste Méindeg ka bäigeluecht ginn.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Karine Reuter.jpg
D'Karine Reuter ass déi nei Presidentin vun der Lëtzebuerger Football Ligue LFL

D'Ligue deet sech schwéier mat der Iddi vun der FLF, déi iwwernächst Saison zu 15 an der ieweschter Divisioun ze spillen, well dann all Spilldag eng Ekipp spillfräi wier, an dat zu enger Verzerrung vun der Competitioun kéint féieren. Allgemeng wëllt d'Karine Reuter e Schlussstréch ënner d'Vergaangenheet zéien a sech ëm eng konstruktiv Zesummenaarbecht vun der Ligue mat der Federatioun an hirem President Paul Philipp beméien.

"Den Här Philipp ass de President vun enger ganzer Futssballs-Federatioun a muss sech ëm all d'Clibb këmmeren. Mir representéieren déi éischt Ligue, wou d'Besoine jo awer ganz spezifesch sinn, wou aner Suerge sinn, wéi an enger drëtter Divisioun. D'autant plus well mer eis lues a lues jo awer och ëmmer méi professionaliséieren, méi op e Wee ginn, wou Fussballspiller à temps plein engagéiert sinn am Fussball, a wou eben aner Besoine sinn, wéi dat nach virun zéng Joer war."

Eng vun den éischte Prioritéite fir déi nei Presidentin wier fir d'Ligue an d'Positioun ze féieren, datt se als gläichwäertege Gespréichspartner vun der FLF unerkannt gëtt.

D'LFL wëllt net acceptéieren, datt déi iwwernächst Saison mat 15 Ekippe soll gespillt ginn, wéi d'FLF et virschléit, well dann all Spilldag ee Veräin spillfräi wier, an dat zu enger Verzerrung vun der Competitioun kéint féieren. No engem perséinleche Gespréich mam Paul Philipp e Méindeg, an deem verschidde Zenarien duerchdiskutéiert gi wieren an engem weidere Gespréich mat der Ligue ass si zouversiichtlech fir en Arrangement kënnen ze fannen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Charles Schaack
Fussball

Physesch Gewalt géint Fussballarbitteren hätt an de leschte Joren ofgeholl, seet de Charles Schaack vun der FLF. Intimidatioun a schrëftlech Attacken op sozialen Netzwierker hätten awer zougeholl.

Romain Schumacher
Fussball

Nach ni huet e Lëtzebuerger Veräin op deem Niveau gespillt, an dat och nach zwee Joer noeneen. Trotzdeem kritiséiert den President vum F91 d'Fussballfederatioun. "Mir si Joren hannendran".

Mario Mutsch
Fussball

De Mario Mutsch gëtt bei der FLF haaptverantwortlechen Trainer vun der U12 a Co-Trainer vun der U14. Nom 101. Lännermatch huet de Rekordnationalspiller e Schlussstréch ënner seng Carrière gezunn.

Romain Schumacher
Fussball

Méi Qualitéit an de Club-Strukturen a méi Qualitéit an den Infrastrukturen. Dat ass fir de Romain Schumacher, President vum F91 Diddeleng, de Schlëssel fir de Lëtzebuerger Fussball-Championnat méi attraktiv ze maachen.

flf & cmcm
Caisse médico-complémentaire mutualiste

Bei der CMCM leeft et net gutt. D'Mutualitéit verléiert u Memberen. E Sponsoring-Kontrakt mat der Fussballfederatioun soll hëllefen. D'Membere vun der Keess sinn iwwert dës Kollaboratioun net frou.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen