Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Emergence

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Iwwerraschung als Prinzip

Fräie Mikro

D'Iwwerraschung als Prinzip

Am Abléck, wou mir ënner dem Corona-Schock stinn, denke mer, mer sollten an Zukunft fir méi Resilienz suergen. Mee datt mer eis fir d'Zukunft rüste géingen, ass net ganz realistesch, fäert de Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL an aktuelle President vum Wirtschafts- a Sozialrot.

auto_stories

4 min

Fir déi meescht Leit, an och fir eis Regierung, koum déi aktuell Corona-Kris vëlleg iwwerraschend. Och wéi Ufank Mäerz d'Noriichten aus China koumen an de Cortège vu Virologen an den europäesche Medien ugefaangen huet, gouf et e Konsens, datt et bei eis net esou schlëmm komme kënnt, wéi a China. Mee, Iwwerraschung, et koum Alles anescht.

Zanterhier gëtt vill rieds vu Resilienz.

Iwwerraschunge kann een net vermeiden

Elo ass et allerdéngs esou: Eng vun den éischte Lektiounen, déi d'Geschicht eis sollt geléiert hunn, ass déi, datt Iwwerraschungen inevitabel sinn. D'Geschicht widdersprécht permanent der Hoffnung vun de Mënschen an etleche Philosophen, déi gär mengen, si géif lineaire dem Fortschrëtt suivéieren.

Ausserdeem verdränge mir déi schlëmmsten Hypotheese systematesch. Esou wéi 1933 kee sech konnt den Holocaust virstellen, esou wéi d'Leit vu Pompeji genee esou ënner dem Vesuv wunne blouwen, wéi déi haiteg Neapolitaner, esou menge mir de Krich kënnt ni méi an Europa zeréckkommen oder et kënnt keen Asteroid op eisem Planéit aschloen, deen eis de Garaus mécht.

D'Zukunft ass schwéier aus der Vergaangenheet ofzeleeden, an d'Geschicht vum Planéit an och vun der Mënschheet besteet aus Bréch. Wärend dem 20. Joerhonnert zum Beispill, fënnt een ausser den zwee Weltkricher déi Spuenesch Gripp, d'Krise vun 1929 an 1974, de Fall vum Eiserne Vorhang, an esou weider bis zum 11. September 2001: eng Iwwerraschung un där aner. Eleng an de leschte Joren hate mir den Tsunami vun 2004, d'Finanzkris vun 2008, Daesh oder de Brexit, alles Accidenter, déi keen erwaart hat, an déi vum Gefill begleet waren, dat dierft et esou net nach emol ginn.

Wéi eng Iwwerraschunge waarden op eis?

Vun all deenen Evenementer war kaum eent besser virauszegesinn, wéi déi aktuelle Pandemie. An trotzdeem si mi elo erstaunt. An esou geet et eis och weiderhin: wie wëllt sech haut virstellen, datt duerch de Klimawiessel mëttelfristeg ronn d'Hallschent vun der Mënschheet wäert misse migréieren oder ausstierwen. Wat mir da musse maachen, steet och net an der Genfer Konventioun. Wie ka sech virstellen, wann hien duerch de Supermarché trëppelt, datt eis Nahrungsmëttelgrondlag, zu Land an um Mier, zimmlech plëtzlech kënnt kippen. Ganz ze schweige vun iergendengem islännesche Vulkan oder japaneschen Atomkraaftwierk.

A jo, och gutt Iwwerraschunge si méiglech. Wat an de leschten honnert Joer vu Wëssenschaft, Medezin an Technik geleescht gouf, ass am Ufank vum 20. Joerhonnert vëlleg ondenkbar gewiescht. Allerdéngs ginn och positiv Entwécklungen, wa si séier kommen, vun eis Mënsche meeschtens als Bedroung empfonnt. Ausserdeem huet déi modern Technik d'Vitess gesteigert an domat d'Welt manner previsibel gemaach, wéi si scho war.

Elo dreeme mir also vu Resilienz. Mee kuerzfristegt Denke bestëmmt eist Handelen. Wéi Kanner hunn och déi Grouss meeschtens léiwer haut ee Stéck Schockela, wéi der muer zwee. Dat fënnt een och op alle Säite vum sozio-politesche Spektrum. Resilienz an den ëffentleche Finanzen nennt eng Majoritéit vu Leit verächtlech Austeritéitspolitik. Militäresch Oprüstung ass onpopulär. D'Comptabilitéits- a Gouvernancereegele vu Betriber, grad vu grousse Betriber, sinn am grousse Ganzen ugeluecht fir de Bléck op laangfristegt Denken ze verhënneren. Änleches léisst sech soen iwwer déi politesch Responsabilitéit, déi kuerzfristeg ugeluecht ass, a vun där déi meeschte Leit mengen, wa si nach méi kuerzfristeg ugeluecht wier, da wiere mir der Demokratie méi no.

A wärend mir elo Scholde maache fir déi nächst Joerzéngten, ass déi nächst Iwwerraschung am Umarsch.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.