Radioen

On air

Concert  |  Die Sehnsucht nach dem Süden

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Inspection sanitaire wëll besser kommunizéieren

Wäisse Polver an de Schoulen

D'Inspection sanitaire wëll besser kommunizéieren







Normal
0




false
false
false

LB-LU
X-NONE
X-NONE
















































































































































































































































































































































































































/* Style Definitions */
table.MsoNormalTable
{mso-style-name:"Normal Tabell";
mso-tstyle-rowband-size:0;
mso-tstyle-colband-size:0;
mso-style-noshow:yes;
mso-style-priority:99;
mso-style-parent:"";
mso-padding-alt:0cm 5.4pt 0cm 5.4pt;
mso-para-margin-top:0cm;
mso-para-margin-right:0cm;
mso-para-margin-bottom:8.0pt;
mso-para-margin-left:0cm;
line-height:107%;
mso-pagination:widow-orphan;
font-size:11.0pt;
font-family:"Calibri",sans-serif;
mso-ascii-font-family:Calibri;
mso-ascii-theme-font:minor-latin;
mso-hansi-font-family:Calibri;
mso-hansi-theme-font:minor-latin;
mso-bidi-font-family:"Times New Roman";
mso-bidi-theme-font:minor-bidi;
mso-fareast-language:EN-US;}

D'Inspection sanitaire wëll hier Kommunikatioun verbesseren. Dat, nodeems d'lescht Woch zweemol Titercher mat wäissem Polver an, respektiv bei Schoule fir Schlagzeile gesuergt hunn. Mam Oflaf vu béiden Asätz, souwuel zu Rouspert, wéi och am Lycée Michel Rodange, wier een awer zefridden, esou d'Anne Vergison vun der Inspection sanitaire. A béide Fäll konnt déi wäiss Substanz als ongeféierlech a legal identifizéiert ginn.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Den Asaz am Lycée Michel Rodange huet ronn 30 Minutte gedauert, esou d'Anne Vergison. Zu Rouspert-Mompech huet dat Ganzt wesentlech méi laang gedauert. Dat louch dorun, datt do Leit direkt a Kontakt mam wäisse Polver komm waren. Réischt géint hallwer 9 owes konnten déi éischt Kanner d'Maison relais verloossen. Déi wäiss Substanz war am Schoulbus fonnt ginn.

"La coordination était vraiment excellente, tous les acteurs à tous les niveaux. On n'a pas perdu de temps. (...) On a eu des enfants très, très jeune qui ont eu pendant plusieurs heures un temps prolongé en Maison relais, même des enfants aussi petits que 4 ans, on s'est rassuré de leur état psychologique du moment où ils ont quitte les lieux. Et ils avaient l'air tout à fait bien."

Wat der Inspection sanitaire awer am Fall vum Lycée Michel Rodange opgefall wier, wier datt d'Kommunikatioun un de Jugendlechen hir Kommunikatiounsweeër misst ugepasst ginn, esou d'Anne Vergison weider.

"Quand on a des adolescents et quand il se passe quelque chose, ils vont très vite être sur des réseaux sociaux, et là l'information elle circule à toute vitesse. Et il faut que nous on puisse communiquer via ces canaux aussi, sans doute."

Sou kéint dann och verhënnert ginn, datt d'Kanner sech schlëmmer Zenarien ausmole wéi et am Endeffekt ass, esou nach d'Anne Vergison weider.

Geld- a Prisongsstrofe si méiglech

Näischt deit op een Zesummenhang tëscht deenen zwee Virfäll hin. Et géif ëmmer nees zu esou Virfäll kommen, erkläert d'Anne Vergison nach weider. D'lescht Woch wieren insgesamt fënnef Uriff mat änleche Bedingungen erakomm, erkläert d'Anne Vergison vun der Inspection sanitaire.

"On a toujours eu des alertes, c'est quelque chose qui arrive assez régulièrement malheureusement, mais ce temps s'il y en a un peu plus."

D'Decisioun, op de wäisse Polver weider analyséiert gëtt, läit beim Parquet.

"Apparemment le parquet a décidé de ne pas aller plus loin dans l'analyse chimique du produit, ce que je peux tout à fait comprendre, puisque c'est pas un produit qui présente un danger pour la santé. Et le parquet mène son enquête par ailleurs avec la police sur les circonstances qui ont mené à la découverte de ces sachets."

Op et Strofe ginn, fir Leit, déi esou Titercher enzwousch deposéieren, kéint een esou pauschal net soen, esou d'Police op eis Nofro hin. Dat géif vun der spezifescher Situatioun ofhänken. Wann et sech awer ëm eng muttwëlleg Provokatioun handelt, da kann dëst Konsequenze mat sech zéien, déi vun enger Geldstrof bis zu enger Prisongsstrof kënne goen, esou nach d'Police.