Radioen

On air

De Moien  |  Erma Franklin - Piece Of My Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Impfungen an den USA kommen ëmmer méi séier

Impfcampagne an den USA

D'Impfungen an den USA kommen ëmmer méi séier

Wärenddeem an Europa d'Impfunge géint de Coronavirus nëmme lues an déi nächst Phas kommen, ass d'Geschicht an anere Länner ganz anescht. Esou zum Beispill an den USA, wou et an noer Zukunft méi Impfstoff wéi Leit wäert ginn.

auto_stories

3 min

Wien hätt et geduecht. D'Land, dat villäicht mat Brasilien net méi katastrophal op d'Covid-19-Pandemie reagéiere konnt, ass elo bal zum Beispill ginn. D'USA briechen zwar keng Rekorder, mee eng Statistik weist, wéi séier et mat den Impfunge weidergeet. E Véierel vum Land huet schonn op d'mannst eng Dosis kritt.

D'Regierung vum President Joe Biden hat sech an Zil gesat: bis Enn Mee soll all Erwuessenen e Vaccin kréie kennen. Et gesäit aus, wéi wann d'USA dat Zil erreeche wäerten, wann da genuch Amerikaner sech effektiv impfe loosse wëllen.

Den Afloss vum Ex-President

Dat ass nach net garantéiert, well besonnesch vill Supporter vum Ex-President Donald Trump net esou richteg un d'Impfunge gleewe wëllen. Et géif hëllefen, wann hie seng Leit opruffe géif op d'Wëssenschaftler ze lauschtere, mee hie weist sech do éischter stuer.

Et spiert een also nach ëmmer den Impakt vum Donald Trump senger Campagne de Coronavirus net eescht ze huelen. Mee hie wëllt awer och Respekt kréie fir déi vill Vaccinen, déi senger Meenung no nëmme wéinst him esou séier produzéiert goufen.

D'Impfcampagne leeft gutt

Et spiert een awer, datt zanter dem Ufank vum Joe Biden senger Presidence alles méi disziplinéiert ass. D'national Regierung distribuéiert gréisstendeels de Vaccin, duerno ass et un de 50 Staaten d'Impfungen ze organiséieren. A si maachen dat, et schéngt, gutt.

E puer Beispiller: schonn dëse Mount kann all Erwuessenen an de Staaten Georgia, Indiana, an Texas geimpft ginn. Och a villen anere Staaten geet et méi séier, vill méi séier, wéi an Europa zum Beispill. Et gouf vill Vaccin bestallt, an och vill dovun an den USA produzéiert. Esou einfach ass et.

Optimismus an den USA

E bësse chaotesch ass et schonn: esou gouf et e klore Virdeel fir Leit, déi de ganzen Dag um Computer sëtze konnte fir sech anzeschreiwen. Laang Schlaange gouf et besonnesch a Florida. Op ville Plaze waren et net d'Regierungen, déi d'Rendezvousen organiséiert hunn, et war un de Leit, sech esou séier wéi méiglech anzeschreiwen.

Och gouf et Dausende verschidde Reegelen, a vill Weeër, déi Reegelen ze ëmgoen. Leit sinn a Nopeschstaate gereest fir sech impfen ze loossen, zum Beispill.

Mee d'Resultater si gutt. An den USA spiert een d'Hoffnung. An d'Zil vun der Biden-Regierung ass datt um Independence Day, de 4. Juli, Familljen nees zesumme feiere kënnen. Ee Problem: d'Zuel vun den Impfunge geet séier erop. d'Zuel vun de positive Covid-19 Fäll geet net erof. D'USA freeë ech villäicht dach e bëssen ze frei.