Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Immobiliepräisser klamme méi lues

Observatoire de l'habitat

D'Immobiliepräisser klamme méi lues

D'Hausse vun de Präisser um Immobiliëmaart bleift an de leschten zwielef Méint markant. Dat schreift den Observatoire de l'Habitat a senger leschter Analys. Dat obwuel d'Aktivitéit um Marché staark ofhëlt. Grënn dofir nennt den Observatoire der e puer.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Éischtens géifen d'Präisser vill manner séier an d'Luucht goen, wéi nach virun engem Joer. Bei den Appartementer déi schonn existéieren ass et den Ament e plus vu ronn siwe Prozent par Rapport zum selwechten Zäitraum 2021. Bei den Appartementer déi den Ament am Bau sinn ass et e plus vun iwwer 18 Prozent. Am Verglach mat 2020/2021 wier dat awer eng Décélératioun esou den Expert vum Observatoire Julien Licheron.

Dobäi kéim datt d'Promoteuren hire Clienten eng nei Zort Konstruktiounskontrakt proposéiere wou d'Evolutioun vun de Präisser méi reell ugewise sinn, esou de Julien Licheron vum Observatoire de l'habitat.

Soss hätten d'Promoteuren de finale Preis vun der Immobilie indexéiert. Fir dem Client eng méi kloer Previsibilitéit ze ginn, hätte verschidde Promoteuren decidéiert de Preis net méi no der Präislëscht vun der Konstruktioun vum Statec z'indexéieren an dofir de Präis an d'Luucht ze setzen. Deemno kennt de Keefer de Schlusspräis, mee e bezilt och e bësse méi deier.

Fir Persounen déi elo e Logement wéilte kafe bedeit déi aktuell Situatioun e méi e grousse Verhandlungssputt, esou nach de Julien Licheron.

D'Präisentwécklung wäert sech nach weider ofbremsen

An den nächste Méint, dovu geet den Expert aus, wäerten d'Präisser nach manner séier klammen. Op kuerz dauer gekuckt kéint dat problematesch ginn.

Wärend der Finanzkris 2008/2009 wier et um Immobiliemarché och eng staark Baisse vun der Aktivitéit ginn an trotzdeem wieren d'Präisser just ëm ronn fënnef Prozent erof gaangen. An den nächste Méint kéint een och domat rechnen, datt d'Aktivitéit staark ofhëlt an d'Präisser quasi déi selwecht bleiwen.

Dem Julien Licheron no wier dat op mëttel a laang Siicht awer net problematesch. D'Demande fir Immobilië wier strukturell sou héich hei am Land datt d'Offer quasi net nokéim. Den Immobiliëmaart wier gesond. Den Expert geet dovun aus, datt de Marché sech nees séier reaktivéiert kritt soubal den Zënstaux nees fält. An dat kéint dem Julien Licheron no schonn 2024 de Fall sinn.