Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Héichten an Déifte vum Vëlo-Locatiounsservice

15 Joer vel'OH

D'Héichten an Déifte vum Vëlo-Locatiounsservice

De vel'OH gëtt haut 15 Joer al. Déi turquoise-blo Vëloe fir auszeléine gehéiere fest zum Bild vun der Stad dobäi. Viru 15 Joer war nach méi Muskelkraaft gefuerdert, fir de Kierchbierg eropzefueren. Ma haut sinn déi Vëloe komplett elektresch ënnerwee a sinn net méi ewechzedenken.

auto_stories

3 min

Iwwer eng Millioun Trajete goufen am leschte Joer mat de Vëloe gemaach. (Foto: Lisa Lahos)

Vill Leit, déi an der Stad ënnerwee sinn, profitéiere reegelméisseg vun de Vëloen. Deen Androck kritt een, wann ee sech an de Stater Stroossen ëmfreet: "Je l'utilise régulièrement pour aller travailler.", "Oui, surtout avec le beau temps. Mais moi, quelque soit la Saison, je l'utilise. Qu'il pleut, qu'il neige je l'utilise.", oder "Jo, 20 Minutte mam vel'OH, dat ass ganz praktesch a gutt och fir d'Gesondheet." sinn Äntwerten, déi mir kritt hunn.

Vun 160.000 op eng Millioun Trajeten

An effektiv: Iwwer eng Millioun Trajete goufen am leschte Joer mat de Vëloe gemaach. Dat ass e grousse Sprong: Viru fënnef Joer waren et der grad emol 160.000. D'Zuel vun den Abonnementer bei vel'OH huet sech der Stad Lëtzebuerg no am selwechten Zäitraum verduebelt. E grousse Succès also?

Net nëmmen. Et gouf a ginn och nach ëmmer dacks Problemer mat der Disponibilitéit vun de Vëloen. Och hei schwätze vill Leit aus Erfarung. Virun allem am Summer wieren dacks keng Vëloe méi disponibel. Aner Leit bekloen de schlechten Zoustand, an deem sech vill Vëloe befannen.

(Ëmmer manner) technesch Problemer

Defekt Rieder oder eppes mat der Elektronik wat net geet. Virun allem leschte Summer sinn och vill vel'Oh'e verluer gaangen. Op Social Media hu retuschéiert Fotoe vu vel'Oh'en um Mound oder op der Chineesescher Mauer d'Ronn gemaach.

Dem Patrick Goldschmidt, Mobilitéitsschäffe vun der Stat Lëtzebuerg no, sinn d'Reklamatiounen zu technesche Problemer an Tëscht manner ginn. JCDecaux, de Bedreiwer vum Service, hätt u Léisunge geschafft.

"Dat betrëfft déi technesch Problemer wou se haten, op de vel'Oh'e selwer. Awer och fir déi vel'OH'en net méi sou einfach aus hire Statiounen eraus ze kréien. Do gëtt lo een nom aneren d'Statioune verbessert."

Ma de Schäffe gesäit awer och an, datt ee lo d'Fréijoer misst ofwaarden. Enger héijer Demande spontan nozekomme wier net méiglech.

"Wat net wäert kommen ass, datt mir d'Statioune spontan kenne bäisetzen. Et kennt lo eng bäi, déi ass zu Beggen. Dat ass lo an deenen nächsten Deeg wou déi dann opgeet. Mee mir kennen net, wann mir lo am Abrëll puer dausend Leit méi hätten, méi vel'OH'e bäisetzen. Dat erlaabt de System net."

Een Netz vu séchere Vëlosweeër

88 Statioune gëtt et an a ronderëm d'Stad. Nieft där, déi lo zu Beggen soll opgoe sinn, der nach zwou weiderer bestallt. Konkret Pläng wéini a wou déi hikomme ginn et awer nach net, esou de Patrick Goldschmidt. D'Liwwerzäite vun neie Statioune leien nämlech bei engem Joer.

De Schäffe begréisst iwwerdeems den Trend, datt d'Leit ëmmer méi op den Auto verzichten an dofir op Vëloen oder och ëffentlechen Transport zréckgräifen. Dofir ass et och wichteg, net nëmmen d'Netz vu vel'OH Statiounen auszebauen. Et misst alles an allem e méi grousst d'Netz u séchere Vëlosweeër ausgebaut ginn.

"Also do, wou et méiglech ass, eegen a getrennt Vëlosweeër ze hunn, ass et méi sécher, an do mierke mir och: do benotze méi Leit de Vëlo."

Et dierf een also gespaant sinn, wat déi nächst 15 Joer vel'OH brénge wäerten.