Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL weider stäerkste Gewerkschaft am Privatsecteur

Sozialwahlen

OGBL weider stäerkste Gewerkschaft am Privatsecteur

Den OGBL bleift déi stäerkste Gewerkschaft am Privatsecteur. Ronn d'Halschent vun de Betriber hunn d'Resultater vun den Delegatiounswahle vu gëschter publizéiert. An deenen 2.000 Betriber stellt den Onofhängege Gewerkschaftsbond 25 Prozent vun den Delegéiert. Den LCGB kënnt op 14 Prozent. 60 Prozent vun den Delegéiert sinn den Tëscheresultater no gewerkschaftlech onofhängeg. Definitiv Resultater sollen am Nomëtteg virleien.

auto_stories

4 min

Um nationale Plang krut den Onofhängege Gewerkschaftsbond OGBL bis elo 1.260 Personaldelegéierter, oder ronn 24 Prozent. De chrëschtleche Gewerkschaftsbond LCGB kënnt bis elo op 691 Delegéierter, oder ronn 13 Prozent. D'Bankegewerkschaft ALEBA kënnt bis elo 169 Delegéierter, oder ronn dräi Prozent.

Aleba weider stäerkste Kraaft am Finanzsecteur

D'Aleba bleift dem aktuelle Stand no stäerkste Kraaft am Finanzsecteur. Mat ronn engem Drëttel vun de Stëmme bei de Sozialwahlen an de Betriber läit d'Bankegewerkschaft däitlech virum OGBL an dem LCGB, déi 15 respektiv zéng Prozent vun de Stëmmen am Secteur kruten. Bal d'Hallschent vun den Delegéierten am Finanzsecteur wieren deemno net syndikaliséiert. Nach sinn awer net all d'Stëmmen ausgezielt, och a verschiddene grousse Banke wéi der KBL an der Société Générale.

A puer grousse Banke verléiert d'Aleba un Zoustëmmung beim Personal: Markant ass de Verloscht vun aacht Delegéierte bei der Banque de Luxembourg. Den demissionären Aleba-President Roberto Scolati war hei Member vun der viregter Delegatioun. Kritiker hunn eng neutral Géigelëscht opgestallt a kruten aacht Delegéiertemandater.

Wann dësen Trend sech bei de Wahle fir d'Salariatskammer confirméiert, géif d'Aleba an hirem Grupp eventuell d'Majoritéit verléieren a kéint keng Kollektivverträg am Finanzsecteur méi ënnerschreiwen. Bis d'Resultater vun den CSL-Wahle virleien, kann et awer nach 2-3 Wochen daueren.

Weider Resultater

Am Fleege- a Sozialsecteur kann den OGBL seng staark Positioun an de meeschte groussen Delegatioune confirméieren.

An de groussen Delegatioune vun Arcelor Mittal huet den LCGB elo d'Majoritéit an net méi den OGBL.

Bei der Cargolux baut den LCGB seng Positioun aus: De Chrëschtleche Gewerkschaftsbond huet elo zéng (+4) vu 16 Delegéiert, den OGBL der 6.

Bei der Baufirma Felix Giorgetti kënnt den LCGB mat dräi neien Delegéiert eran, den OGBL ass trotzdem mat siwen Delegéiert kloer vir. Bei Euro-Composites kënnt den LCGB och nei eran, mat fënnef vun zwielef Delegéiert. Den OGBL huet d'Majoritéit mat siwen Delegéiert.

Ausgebaut huet den LCGB seng Positioun och bei Lamesch-Sita/Suez, mat elo ronn 90 Prozent vun den Delegéierten.

Bei Encevo iwwerhëlt den OGBL d'Majoritéit, mat néng vu 14 Delegéiert (fënnef fir den LCGB).

Am ëffentleche Secteur ass den LCGB bei de Salariéeën an der Administration gouvernementale elo an der Majoritéit, mat fënnef vu aacht Delegéiert.

Patrick Dury (LCGB): Zefridde mam Resultat

Den LCGB-President Patrick Dury huet sech an enger éischter Reaktioun haut zefridde gewisen. Seng Gewerkschaft wier gëschter bei de Sozialwahle substantiell gestäerkt ginn.

Dem aktuelle Stand no hätt den LCGB 1.069 Delegéierte-Mandater kritt, an de ronn 450 Entreprisen, an deenen d'Gewerkschaft ugetruede war. Den LCGB wier an Zukunft déi stäerkste Gewerkschaft bei ArcelorMittal Lëtzebuerg. Bei der Goodyear hätt den LCGB gëschter d'Majoritéit kritt.


De Patrick Dury mat enger éischter Aschätzung:

Lauschterenplay_arrow


E ganz wichtegen Deel vun den LCGB-Resultater kéim aus dem Finanzsecteur, mat fir de Moment 128 Delegéierten, ënnersträicht de President Patrick Dury.

Bei der Luxair a bei der Cargolux wier den LCGB all Kéier majoritär. Am Gesondheetssecteur hätt den LCGB seng Ziler awer net erreecht, gëtt de Patrick Dury zou.

Nora Back (OGBL): Erwaardunge goufen iwwertraff

D'Generalsekretärin vum OGBL, d'Nora Back, weist sech zefridden iwwer d'Delegatiounswahlen, besonnesch am Secteur Santé a Soziales. D'Resultat géif all Erwaardung iwwertreffen, esou d'Nora Back.


D'Nora Back iwwer d'Delegatiounswahlen

Lauschterenplay_arrow

Lauschterenplay_arrow


Bei Arcelor Mittal huet den OGBL am Verglach mat 2013 ee Sëtz verluer. D'Nora Back ënnersträicht awer, datt den OGBL weiderhin eng Majoritéit am Betrib huet. Elo wéilt den OGBL aktiv dru schaffen, datt d'Gewerkschaft dee verluere Sëtz erëmgewënnt.