D'Konsequenz vun dëser Temperaturhausse wier ënner anerem, datt d'Déckt vum Gletscheräis an den Alpen an de leschte ronn 25 Joer ëm 30 Meter geschrumpft wier. Och d'Aispanzer op Grönland géife schmëlzen an domat zu enger Hausse vum Mieresspigel bäidroen.
Um héchste Punkt vu Grönland huet et am Summer iwweregens fir déi éischte Kéier, säit et Opzeechnunge ginn, gereent. Donieft géif sech d'Loft iwwer dem Kontinent am Schnëtt méi séier erhëtze wéi iwwer dem Mier.
D'Temperaturhausse ass ee Warnzeechen
D'Temperaturhausse an Europa wier ee Warnzeechen, mengt den Direkter vum europäesche Copernikus Service fir Klimawandel, de Carlo Buontempo.
Hien huet um Rapport matgeschafft a seet, et wier aussergewéinlech, virun allem, wann ee géif bedenken, datt an alle Regioune wou d'WMO aktiv ass, d'Temperature méi séier geklomm wieren, a se an Europa am séierste géif klammen:
"Et gi verschidde Grënn dofir, an et ass schwéier, eng eenzel rauszesichen. Fakt ass numol, datt d'Temperature séier klammen. Ech denken, datt mir dat och als Warnung sollte gesinn. Och wäit entwéckelt Kontinenter wéi Europa si vulnérabel wann et ëm Klimawandel geet."
Méi Konsequenze wéi just Hëtzt
De Rapport stellt och fest, datt iwwer d'Hallschent vun den extreme Wiederphenomener an Europa am leschte Joer Iwwerschwemmunge gewiescht wieren. Fir de Rescht war de Kontinent mat Hëtztwellen an Dréchente geplot, déi d'Bëschbränn uechtert Europa begënschtegt hunn.
Bal 300 Mënsche sinn d'lescht Joer dem Rapport no duerch dat extreemt Wieder an Europa ëm d'Liewe komm. Iwwer eng hallef Millioun Leit waren dovu betraff.
D'WMO warnt och, datt d'Gesondheet vun de Mënschen ëmmer méi betraff wäert sinn: dat ënner anerem duerch Hëtztwellen, Loftverschmotzung, a verstäerkt Pollen an der Loft.
Och positiv Entwécklungen
D'Welt-Wiederorganisatioun huet awer och positiv Entwécklunge festgehale: Vill europäesch Länner hätten et gepackt, hier Co2-Emissiounen ze reduzéieren. An de leschten 30 Joer wieren d'Co2-Emissiounen an Europa ëm bal een Drëttel gefall. D'Zil vun der EU ass et, bis 2050 ganz klimaneutral ze sinn.
Ausserdeem wieren d'Warnsystemer an Europa méi effikass wéi an anere Regiounen. Ronn dräi Véierel vun den Europäer wieren duerch esou ee Warnsystem ofgedeckt.