Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alfie Jukes - Eyes Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Grenzen am Kampf géint Corona

Coronakris

D'Grenzen am Kampf géint Corona

Am Summer an d'europäescht Ausland reesen ass méiglech, seet d'Europäesch Kommissioun. Si schléit Reegele fir d'Tourismusbranche vir a recommandéiert eng schrëttweis Reouverture vun den EU-Banne-Grenzen. Dat lescht Wuert hunn awer d'Memberlänner, d'Kommissioun sëtzt éischter op der Zuschauertribün.

auto_stories

4 min

Ganzer fënnef EU-Kommissäre goufen de Mëttwoch beméit fir dee Rees-Pak de Journalisten virzestellen. Dat huet d'Saach awer net méi einfach gemaach. Éischter am Contraire.

An enger Saach ware sech déi fënnef eens: "De Virus kennt keng Grenzen." Dat huet d'Kommissioun vun Ufank u betount an hat sech dowéinst och géint Grenzkontrollen ausgeschwat. Wéi dunn awer ëmmer méi Länner hir Grenzen zougemaach hunn, huet si ëmgeschwenkt.

Ouni ze erkläre firwat. D'Fro: "Ass et am Kampf géint de Virus sënnvoll d'Grenzen zouzemaachen?", blouf bis elo onbeäntwert. Och d'Fro, ob wéi eng wëssenschaftlech Donnéeën d'Kommissioun hir Recommandatiounen iwwer d'Ouverture vun de Grenze baséiert, ass opbliwwen.

Wëssenschaftlech Basis net kloer

D'Kommissioun géif sech op den European Centre for Disease Prevention and Control (ECDC) bezéien, hunn hir Spriecher e puermol betount. Konkret op een Avis vun där Agence iwwer d'Grenzen a Virusbekämpfung ugeschwat, sot de Stefan de Keersmaecker, Porte-Parole vun der Kommissioun: "Dat ass menger Meenung no net de Fall". D'ECDC stoung net fir een Interview zur Verfügung. Um Ufank vun der Corona-Pandemie hat d'Agence d'Positioun vertrueden, datt zoue Grenzen keng effikass Mesurë sinn, fir e Virus ze bekämpfen.

Den Thierry Breton, EU-Kommissär fir de Bannemaart, huet e Mëttwoch zouginn, datt Landesgrenze vläicht net déi richteg Referenz sinn.

"Mir géife léiwer vun Zonen oder Regioune schwätzen, fir d'Evolutioun vun der Pandemie ze ënnersichen", sot de Fransous. An Zukunft géif een och "ëmmer méi recommandéieren dorop ze kucken amplaz op Länner".

Kommissioun ass virsiichteg

Net esou awer an dësem Pabeier, an deem sech d'Kommissioun an hire Recommandatiounen op d'Landesgrenze fokusséiert.

Länner, bei deenen den Niveau vun den Infektiounen niddereg genuch ass, sollen d'Grenzen opmaachen, sou hire Rot.

Wéini genee dee Niveau erreecht ass, gëtt net preziséiert. Als Unhaltspunkt soll eng Kaart gëllen, déi vun der Europäescher Agence fir Gesondheetspreventioun online gesat gëtt, seet d'Gesondheets-Kommissärin Stella Kyriakides.

Mat konkrete Consignen hält sech Bréissel awer zeréck. Och iwwer d'Delaien, bis wéini Grenzen nees sollten op sinn, steet näischt an dësem Pabeier.

D'Kommissioun géif hei just Richtlinne presentéieren, resuméiert d'Ylva Johannsson, Kommissärin fir déi bannescht Sécherheet, d'Situatioun. "D'Kommissioun kann d'Grenzen net opmaachen. Et ass un de Memberlänner, selwer d'Situatioun ze evaluéieren."

Diskriminatioun bannent der EU

Den Europadeputéierten Andreas Schwab hätt sech méi vun der Kommissioun erwaart. Hie versteet net, firwat si net d'Memberlänner méi däitlech dozou opfuerdert, d'Grenzen zesummen nees opzemaachen.

Den CDU-Politiker huet zesumme mat anere Parlamentarier ee Bréif un d'Parteikolleegin a Kommissiounspresidentin von der Leyen geschriwwen, an deem Nees-Opmaachen vun de Grenzen gefuerdert gëtt. Hie fënnt d'Kommissioun hätt sech sollen op de Schengener Accord bezéien.

14 EU-Memberstaaten hate wéinst Corona Grenzkontrolle ageféiert. E Mëttwoch huet Däitschland decidéiert, d'Grenz mat Lëtzebuerg nees opzemaachen, op där mat Frankräich gëtt weider kontrolléiert. D'Kommissioun pocht awer drop, datt d'EU-Bierger net sollen ënnereneen diskriminéiert ginn.

"Eng Grenz sollt net just fir Leit mat engem bestëmmte Pass opgoen", seet d'EU-Kommisärin Margret Vestager. Allerdéngs bezitt sech dat just op Bierger vun engem EU-Land, déi kënnen ënnerschiddlech Natiounen hunn. D'Kommissioun stellt sech awer net dergéint, datt ee Memberland seng Grenze selektiv just Residentë vu bestëmmte Länner opmécht.

Passagéier-Rechter ginn net verännert

Konfusioune gouf et e Mëttwoch doriwwer, wéi sech d'Kommissioun zu der Fro stellt, ob d'Airlinen de Passagéier Vouchere fir annuléiert Flich imposéieren dierfen. An 12 EU-Länner ass dat geschitt, obschonn d'EU-Direktiv seet, all Passagéier huet ee Recht rembourséiert ze ginn.

Géint déi Länner géif d'Kommissioun eng Prozedur lancéieren, sot d'éischt d'Kommissärin fir Kompetitivitéit, Margrethe Vestager. Et géif ee Bréif un déi 12 Länner geschéckt, dat wier déi éischt Phas vun der Prozedur.

Dee Bréif géif awer un all d'Memberlänner, huet duerno d'Transportkommissärin Adina Valean verbessert. An deem Bréif soll all de Länner nogeluecht ginn dofir ze suergen, datt Vouchere méi attraktiv gemaach ginn. Dat haten Airlinen gefuerdert. D'Fro, ob d'Kommissioun géint déi aner Länner juristesch virgeet, bleift op. D'Recht op ee Remboursement soll awer prinzipiell bestoe bleiwen. Dorop hat ënner anerem Lëtzebuerg gepocht.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.