Landwirtschaft D'Glypho-Saga geet virun
18 EU-Memberlänner hu sech dofir ausgeschwat, den ëmstriddenen Herbizid Glyphosat fir weider fënnef Joer zouzeloossen. Domat ass d'Decisioun gefall, mä d'Diskussioun geet virun. Virun allem an Däitschland, wou de Landwirtschaftsminister sech iwwert de Koalitiounsvertrag ewech gesat huet, andeems hie mat Jo gestëmmt huet. Zu Lëtzebuerg huet den Agrarminister Fernand Etgen mat Nee gestëmmt. Hie wëllt sech awer nach net op weider Schrëtt festleeën.
Um Enn war déi däitsch Stëmm decisiv, fir déi néideg qualifizéiert Majoritéit z'erreechen, fir d'Autorisatioun vum Glyphosat vum 15. Dezember un z'erneieren.
D'Land hat sech bei de Votte virdrun ëmmer enthalen, well d'Regierung sech net eens war. Dat ass se bis elo nach ëmmer net: d'CDU/CSU sinn dofir, de Glyphosat weider zouzeloossen, de Koalitiounspartner SPD ass dogéint.
Däitsch Stëmm war decisiv
Den däitsche Landwirtschaftsminister Christian Schmidt (CSU) hat awer e Méindeg op emol decidéiert, datt Däitschland awer fir d'Propos vun der EU-Kommissioun géif stëmmen.
D'Glyphosat-Géigner hunn entsat op dës Decisioun reagéiert. Virun allem an Däitschland huet den Alleingang vum Christian Schmidt eng gréisser Diskussioun ausgeléist. "Hien ass nach ëmmer Deel vun enger Regierung a muss sech un de Koalitiounsvertrag halen", sot déi däitsch Europadeputéiert Maria Noichl (SPD). Déi däitsch Ëmweltministerin Barbara Hendricks hätt sech nach eng Kéier däitlech dogéint ausgeschwat, datt Däitschland sech beim Vote anescht wéi virdru verhale sollt.
Die Bundesregierung stimmt in der Europäischen Union für eine fünfjährige Verlängerung von #Glyphosat. Das Ackergift verseucht unsere Böden und tötet das Leben darin und darauf. pic.twitter.com/BaQHPnxmAj
- BÜNDNIS90/DIE GRÜNEN (@Die_Gruenen) November 27, 2017
Dee wier souwisou positiv fir de Glyphosat ausgaangen, hat de Christian Schmidt seng Haltung erkläert.
Récktrëtt vum däitsche Landwirtschaftsminister gefuerdert
"Et huet ee virun allem den Androck, datt hie Monsanto eppes Guddes di wollt", sou d'Maria Noichl. Si fuerdert de Récktrëtt vum däitsche Landwirtschaftsminister.
Och d'Kanzlerin war net frou iwwert d'Decisioun vun hirem Minister. Sou eppes dierft net nach eng Kéier geschéien, sou d'Angela Merkel en Dënschdeg op enger Pressekonferenz.
Och den CDU-Europadeputéierten Peter Liese fënnt d'Decisioun vum Christian Schmidt, ausgerechent elo d'Positioun vun der Abstentioun opzeginn, net ganz glécklech.
"D'Decisioun war awer inhaltlech richteg", seet hien. "Ech halen et fir falsch, datt Däitschland sech virdrun enthalen huet, et kann een de schwaarze Péiter, sou Decisiounen ze huelen, net ëmmer der Kommissioun zouschousteren."
Zulassung von #Glyphosat um 5 Jahre verlängert: Ich freue mich, dass die Mitgliedsstaaten bei einer so umstrittenen Frage zu einem sinnvollen Kompromiss gekommen sind. Ein sofortiges Verbot von Glyphosat hielte ich für nicht vertretbar. Mehr zum Thema: https://t.co/rFQ3BbjGmP pic.twitter.com/6daMa9ZM99
- Peter Liese MEP (@peterliese) November 27, 2017
De Peter Liese, dee selwer Medeziner ass, ass kee Glyphosat-Géigner, hien hätt sech awer méi streng Oplage gewënscht. Virun allem kuerz virun der Recolte misst op Glyphosat verzicht ginn. Dat wier elo leider am Text nëmmen ugedeit, do misst un dëse Bestëmmungen nach geschafft ginn.
Konditioune fir Zouloossung bleiwe vague
D'Annexe, déi elo un den ursprénglechen Text vun der Kommissioun ugehaangen gouf an nach net public ass, läit dem radio 100,7 vir. Dora ginn d'Memberlänner opgefuerdert, besonnesch op d'Protektioun vu Privatleit opzepassen, déi Glyphosat gebrauchen. Och op den Impakt vum Glyphosat op d'Biodiversitéit gëtt ernimmt, ouni genee Reegelen opzestellen. Den Text bleift meeschtens zimlech vague. Wat den Asaz virun der Recolte ugeet, sollt een op "gutt landwirtschaftlech Praktiken zréckgräifen", heescht et zum Beispill.
Néng Länner (dorënner Lëtzebuerg), haten e Méindeg op en Neits géint eng nei Autorisatioun vu Glyphosat gestëmmt. Direkt nom Vote huet Frankräich annoncéiert, et wéilt een iwwer weider Schrëtt op nationalem Niveau nodenken.
Dat ass och méiglech, confirméiert eng Spriecherin vun der Kommissioun. "Wann d'Autorisatioun op EU-Niveau decidéiert ass, bleift et de Memberlänner iwwerlooss, ob si Produite mat Glyphosat zouloossen oder net", sou d'Anka Paduraru.
Etgen: Kee Verbuet am Alleingang
D'Belsch wëllt mat de kritesche Länner a Kontakt trieden, fir iwwert eng Strategie ze schwätzen. "Bis Enn des Jores soll den Asaz vu Glyphosat fir Privatleit verbuede ginn", sou d'Annonce vum belsche Landwirtschaftsminister Denis Ducarme. Säi Lëtzebuerger Homolog, Fernand Etgen ass d'Accord fir Gespréicher ze féieren, huet awer nach keng konkret Propos, wéi eng Mesurë solle geholl ginn.
De Fernand Etgen mécht och däitlech, datt hien net dofir ass, Glyphosat am Alleingang ze verbidden. Et dierfte keng Wettbewerbsnodeeler fir Produzenten entsoen, dofir wier et wichteg, datt Glyphosat an alle Länner verbuede gëtt. "Et geet net nëmmen drëm, zesummen no Alternativen ze kucken, mä och drëms, dofir ze suergen, datt et net zu Wettbewerbsverzerrungen tëscht de Länner kënnt", sou de Fernand Etgen.
D'Europäesch Kommissioun wëllt de formaliséierten Text fir d'Autorisatioun vu Glyphosat den 12. Dezember ze presentéieren. Deen nämmlechten Dag sollen déi iwwert eng Millioun Konsumenten, déi an der EU eng Petitioun géint den Herbizid ënnerschriwwen hunn, eng offiziell Äntwert vun der Kommissioun kréien.