Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gesetz vum Stäerksten oder d'Stäerkt vum Gesetz?

Riicht eraus

D'Gesetz vum Stäerksten oder d'Stäerkt vum Gesetz?

No 14 Joer als Lëtzebuerger Ausseminister seet de Jean Asselborn, et géif haut manner Hoffnung op der Welt ginn. D'Kricher a Syrien an am Jemen, den eventuelle Réckzuch vun den USA aus dem iraneschen Atomaccord, an eng riets-populistesch Politik a villen EU-Länner, déi vun Angscht gedriwwe gëtt, wieren Zeechen vun enger extrem nervöser aussepolitescher Situatioun. Dem palestinensesche President Mahmud Abbas seng rezent Ausso, d'jiddescht Vollek wier selwer Schold un der Shoah, huet de Jean Asselborn schaarf veruerteelt.

auto_stories

5 min

2005, wéi Lëtzebuerg d'Presidence vum EU-Conseil hat, wier nach méi Hoffnung do gewiescht: Als Beispiller nennt de Jean Asselborn Hoffnung fir den Nees-Opbau vum Irak; fir eng Relance vum Friddensprozess tëscht Israel mam deemools neie palestinensesche President Mahmud Abbas, an d'Aussiicht, datt bis 2015 all d'Balkan Länner EU-Member wieren.

  • Haut wier den No-Ost Friddensprozess zwar net dout, mee um Stierwen.
  • Den EU Bäitrëtt vun de West-Balkan Länner gouf zéng Joer no hanne verluecht.
  • An Europa géif et keng Mentalitéit méi ginn, fir zesummenzehalen.
  • A Syrien an am Jemen kéint een net soen, wéini d'Kricher do kënnen eriwwer sinn.
  • An d'USA denken drun, aus dem iraneschen Atomaccord erauszeklammen.

"Et ass net alles negativ. Mee aussepolitesch ass d'Welt extrem nervös", sou de Jean Asselborn.

America First

"Mir sinn an enger Zäit, no der Wahl vum Donald Trump, wou d'Weltuerdnung, op déi mir nom Zweete Weltkrich opgebaut hunn, riskéiert mat Féiss getrëppelt ze ginn". Ee Grond dofir wier, datt d'USA de Multilateralismus géifen ënnergruewen.

"Wann d'Gesetz vum Stäerkste sech duerchsetzt, an net méi d'Stäerkt vum Gesetz, da si mir op eng schifer Bunn", seet de Jean Asselborn.

Nordkorea: Succès fir den Donald Trump?

Datt et, no den nordkoreanesche Rakéiten-Tester, elo, Enn Mee ugangs Juni, zu engem Treffen tëscht dem nordkoreanesche Staatschef Kim Yong Un an dem amerikanesche President Donald Trump soll kommen, hätt zwou Ursaachen.

Engersäits d'Olympesch Wanterspiller a Südkorea, wou Nordkorea derbäi war. Anerersäits hätte virun allem d'UNO-Sanktioune géint Nordkorea bewierkt, datt dat kommunistescht Land elo bereet ass, mam Donald Trump iwwer eng De-Nukleariséierung ze schwätzen. Do hätt de multilaterale Kader vun der UNO nach fonctionnéiert, sou de Jean Asselborn.

Noen Osten: Friddensprozess um Stierwen

Dem Palestinenser-President Mahmud Abbas seng rezent Aussoen iwwer den Holocaust huet de Lëtzebuerger Ausseminister schaarf veruerteelt. Den Abbas hätt gesot, d'jiddescht Vollek wier selwer Schold un der Shoah. Dat wier inakzeptabel an "nieft der Plaque". Et géif deenen, wéi d'EU, déi fir eng zwee-Staate Léisung sinn, d'Liewe méi schwéier maachen.

Déi amerikanesch Unerkennung vu Jerusalem als israelesch Haaptstad wier e weidere grousse Réckschlag fir de Friddensprozess. D'USA géifen déi israelesch Siidlungspolitik, mam Bau vu Wunnengen am Westjordanland an zu Ost-Jerusalem, och kaum nach a Fro stellen. "Doduerch gëtt eng zwee-Staate Léisung geschwë guer net méi méiglech".

D'EU hätt sech ëmmer vill fir déi Léisung agesat. Mee och am No-Ost Konflikt géif d'EU haut net méi mat enger Stëmm schwätzen. Ass de Friddensprozess dout? "Net ganz dout, mee e läit menger Meenung no um Stierwen".

Syrien: 400.000 Doudeger

Zanter dem Ufank vum Biergerkrich a Syrien am Joer 2011 wiere bis haut 400.000 Mënschen do ëm d'Liewe komm. D'Halschent vun der Populatioun wier entweder fortgelaf, oder am Land deplacéiert ginn. Wéi laang dee Krich nach wäert daueren, kéint kee soen.

De Krich a Syrien wier wéi e Schachbriet, wou all d'Acteuren hir eegen Interessie verdeedegen. Russland, den Iran an d'Tierkei op enger Säit, als Alliéiert vum syresche Regime. D'USA a Saudi-Arabien op där anerer Säit. Eng geféierlech Entwécklung wier déi rezent militäresch Interventioun vun Israel a Syrien, warnt de Jean Asselborn.

Déi eenzeg Léisung wier et, senger Meenung no, de politesche Prozess, d'Friddensverhandlungen zu Genf ze relancéieren. Do misst eng Transitiouns-Phas verhandelt ginn, fir eng nei Verfassung opzestellen a fräi Wahlen ze erméiglechen.

De syresche President Baschar al-Assad, deen haut praktesch ganz Syrien kontrolléiert, kéint net méi bleiwen. D'Gefor, datt an deem Fall e Vakuum kéint entsoen, wou eng nei Anarchie entsteet, (sou wéi a Libyen nom Stuerz vum Muammar Gaddafi, oder am Irak, wou déi terroristesch Organisatioun Islamesche Staat aus dem Irak Krich entstanen ass) géif et awer och fir Syrien ginn.

Déi tierkesch Interventioun an der Nord-syrescher Regioun ronderëm Afrin un der tierkescher Grenz huet de Jean Asselborn nach emol veruerteelt. Dat hätt näischt mat Selbstverdeedegung ze dinn. An hirer Militäraktioun géint d'YPG an aner kurdesch Milizen, géif d'Tierkei a Wierklechkeet territorial Gewënner viséieren. Fir spéider souguer vläicht en Deel vun Nordsyrien ze annexéieren. Hien hätt dofir um Niveau vun der NATO gefuerdert, datt deen néidegen Drock op d'Tierkei, een NATO Member-Land, gemaach gëtt.

Jemen: 75 Prozent vu Populatioun brauch humanitär Hëllef

De Krich am Jemen, dee manner mediatiséiert gëtt wéi Syrien, wier vläicht nach méi dramatesch, betount de Jean Asselborn. Vun der jemenitescher Populatioun vu ronn 29 Millioune Leit wieren 22 Milliounen (75 Prozent) op humanitär Hëllef ugewisen.

De Jemen-Krich wier eng Konsequenz vum Zouspëtzen tëscht dem sunnitesche Saudi-Arabien (deen, mat Ënnerstëtzung vun den USA, op der Säit vun der jemenitescher Regierung steet); an dem schiiteschen Iran (deen d'Huthi Rebellen an hirem Kampf géint d'Regierung ënnerstëtzt). Hei géif et net ëm Relioun goen, ma ëm regional Muechtpositiounen.

Iran: Risk vun nuklearer Eskalatioun

Den 12. Mee decidéieren d'USA, ob si d'Ophiewe vun de Wirtschaftssanktiounen nom Atomaccord vun 2015 nach eng Kéier verlängeren. Wann net, klammen d'USA de Facto aus deem Accord eraus.

Dat wier extrem dramatesch, warnt de Jean Asselborn. Dofir géif d'EU weider alles probéieren, fir d'USA ze iwwerzeegen, am Accord ze bleiwen. Aus dem Golf hätt een héieren, datt den Donald Trump eng Decisioun geholl hätt, an den Accord wéilt "schneiden", sou de Jean Asselborn.

Beim Donald Trump wéisst een awer dacks net, wat hie maache géif. Och bei den amerikanesche Stroftaxen op Stol- an Aluminium-Importer, wou d'USA d'Ausnam fir d'EU verlängert hunn, géif et vum Trump een Hin-an-Hier.

Dräierkoalitioun Lëtzebuerg: Bilan besser verkafen

Déi blo-rout-gréng Koalitioun zu Lëtzebuerg, an där de Jean Asselborn fir déi drëtte Kéier an enger Regierung ass, hätt an de leschte véier Jore vill erreecht. Mat 69 Joer kandidéiert de Jean Asselborn fir d'LSAP nach eemol bei de Chamberwahlen am Hierscht.

Als Succèsen hieft hien ënner anerem déi finanziell Situatioun vum Land ervir, nei Transparenz-Regelen no der LuxLeaks Affär, d'Reform vun der Relatioun tëscht Kierch a Staat an de Réckgang vum Chômage. Dëse Bilan misst d'Regierung, dem LSAP-Ausseminister no, virun de Wahlen awer besser verkafen.

Op de Jean Asselborn bereet ass, fir an d'Oppositioun ze goen am Fall wou d'LSAP net méi an eng nei Regierung komme géif, wollt den Ausseminister an der Emissioun Riicht eraus net verroden.