Et geet ëm Preventioun, mee och ëm Deseskalatioun. Dëse Grondprinzip vun de Body-Cams ënnerstëtzt déi blo-rout-gréng Majoritéit. Den Dan Biancalana vun der LSAP ass der Meenung, datt d'Kamerae fir méi Transparenz suerge kënnen.
"An déi rezent Situatioune a Fäll vu Gewalt géint Polizisten weisen, datt d'Agenten um Terrain esou eng Schutzfinktioun brauchen, mee d'Bierger och."
Ënnerscheed tëscht ëffentlechem a privatem Beräich
Déi concernéiert Persoune mussen awer fir d'éischt vum Polizist driwwer informéiert gëtt, wann d'Kamera aktivéiert gëtt. Ausserdeem gëtt et eng streng Ënnerscheedung tëschent ëffentlechem a privatem Raum. Aus dateschutzrechtleche Grënn dierfen Enregistrementer am private Raum nëmmen ënner spezifesche Bedingungen virgeholl ginn, zum Beispill bei schwéiere Verbriechen. Bei dësem Punkt koum vill Kritik. D'CSV, d'ADR an d'Piraten hu sech enthalen, mam Argument, datt et fir de Polizist an enger Stresssituatioun schwiereg ass, dës Entscheedung ze treffen. Déi Lénk hu géint de Gesetzestext gestëmmt. D'Nathalie Oberweis ass der Meenung, datt d'Kamera déi ganzen Zäit lafe missten, well d'Polizisten an enger Stresssituatioun nach ee Recul bräichten, fir dëse Knäppchen ze drécken.
"An ech mengen dofir gëtt et keen Automatismus. Dat ass am Ufank nach ee proaktive Schrëtt. Dat geet net vun haut op muer."
Asaz eréischt an zwee Joer
Hei huet de Policeminister Henri Kox sech dofir ausgeschwat, datt kloer festgehale gi wier, wéini et sech ëm ee privaten, a wéini ëm een ëffentlechen Terrain handelt. Deemno wier de Polizist sech der Situatioun ganz bewosst.
D'Kamerae géifen hëllefen, spéider ee méiglechen Delikt besser opklären ze kënnen, sou nach den Henri Kox. D'Donnéeë sollen iwwerdeems nëmmen 28 Deeg gehale ginn, dës Zäitspan kéint awer verlängert ginn am Kader vun enger Enquête préliminaire. Bis datt d'Bodycams an den Asaz kënne goen kann et awer nach zwee Joer daueren. Elo eréischt wou d'Gesetz gestëmmt ass, kann eng Ausschreiwung gemaach ginn. Sechs Milliounen Euro op fënnef Joer si fir déi Kamerae virgesinn.